MINUSMA Missioun am Mali: "Lëtzebuerg kann eng valabel Contributioun ginn"

Lëtzebuerg bedeelegt sech an enger éischter Phase mat véier bis fënnef Zaldoten un der UNO-Stabiliséierungs-Missioun am westafrikanesche Land Mali. D'Lëtzebuerger solle fréistens vum 1. Mäerz d'nächst Joer u fir d'Satellitte-Kommunikatioun vun dëser Missioun zoustänneg ginn, seet de Chef de Cabinet am Verdeedegungs-Ministère Gilles Feith.

Serge Kesseler / cz

Exklusiv Zwee Lëtzebuerger Zaldoten am Militärcamp zu Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan
Foto: Archiv

De Regierungsrot hat de leschte Freideg gréng Luucht fir d'Bedeelegung un der UN-Missioun ginn. D'Missioun vun der UNO fir den afrikanesche Staat Mali ze stabiliséiere leeft zënter Mëtt 2013. Vum nächste Joer u soll och de Grand-Duché sech doru bedeelegen.

Zil wier et fir der Regierung ze hëllefen "de Fridden a Stabilitéit" opzebauen. Et misst och garantéiert ginn, datt d'Hëllef-Organisatiounen an engem gereegelte Kader kéinte schaffen.

Lëtzebuerg mécht Reconnaissance

Bis haut Méindeg mécht Lëtzebuerg Reconnaissance op der Platz. Fréistens vum éischte Mäerz 2020 u kéinten dann an enger éischter Phas véier bis fënnef Lëtzebuerger Zaldoten a Mali agesat gi, fir Rotatioune vun dräi bis véier Méint. Si sollen an der Haaptstad Bamako stationéiert ginn. Et wier awer net komplett auszeschléissen, datt d'Zaldote punktuell op aner Sitte kéinte goen "wann eppes gefléckt oder geupdated" muss ginn, sou de Gilles Feidt.

Déi am ganze ronn 13.000 Zaldote vun der MINUSMA-Missioun vun der UNO sinn op am ganzen 13 Sitten a MALI aktiv. Et wier immens wichteg eng stabil Kommunikatioun ze hunn. Wann an der Vergaangenheet Campen iwwerfall gi sinn, da wier an der Reegel als éischt d'Kommunikatioun gekappt ginn, sou de Gilles Feidt. "An do ka Lëtzebuerg eng valabel Contributioun gi mat eiser Satellitte-Kommunikatioun."

Déi Lëtzebuerger Zaldoten sollen a Mali ënner däitschem Kommando stoen, hat et nom Regierungsrot virun enger Woch geheescht.

Den Asaz a Mali gëllt als deen aktuell geféierlechste vun der Bundeswehr. D'Sécherheets-Situatioun wier effektiv immens ugespaant "zemools am Norden" mee och an anere Regiounen. "An ech mengen do muss een oppasse wat een do mécht."

Macron hat méi staarken Engagement gefuerdert

Den Accident mat zwee franséische Militär-Helikoptere mat 13 doudegen Zaldoten de leschte Méindeg a Mali wier ganz tragesch, sou de Chef de Cabinet am Lëtzebuerger Verdeedegungs-Ministère Gilles Feith.

De franséischen Asaz mat der Trupp "Barkhane" wier wichteg, mee all Optioune wieren haut oppen, huet de franséische President zu Paräis gesot. Den Emmanuel Macron huet méi e staarken Engagement vun den Alliéierte gefuerdert.

Méi zum Thema

Eng kurdesch Uniform
Konflikt zwischen Türkei und Kurden

Der Konflikt in Nordsyrien verschärft sich immer weiter. Wie könnte sich der Konflikt auf Europa auswirken und was passiert mit den Dschihadisten? Ein Gespräch mit Prof. Dr. Günter Meyer von der Uni Mainz.

PK no Tornado
No Tornado am Süde vu Lëtzebuerg

De Plan intemperies gouf declenchéiert fir finanziell Hëllef séierst méiglech kënne fräizesetzen. Weider Prioritéite sinn d'Securisatioun vun den Haiser an den Héichspannungsleitungen, sou den Direkter vum CGDIS.

Christian Schleck SPAL
Lëtzebuerger Arméi

Um Härebierg feelt et un Zaldoten, seet de Christian Schleck. An der einfacher Zaldotecarrière géife 40 Prozent méi Personal gebraucht ginn, mee och an de méi héije Carrière feelt et u Leit.

Marco Boly
Inspection du travail et des mines

Fir optimal ze schaffe brauch d'ITM bis d'Joer 2025 220 nei Posten, seet den Direkter vun der Gewerbeinspektioun. Een Deel dovu kéint aus der Arméi rekrutéiert ginn. Dat soen de Marco Boly an den Aarbechtsminister.

Lëtzebuerger Zaldot an Afghanistan
NATO-Missioun

D'Bedeelegung un der NATO-Missioun fir d'Formatioun an d'Ënnerstëtzung vun den afghanesche Sécherheetsforcë soll bis 2020 verlängert ginn. Lëtzebuerg schéckt och en zweete Mann an Afghanistan.

Riicht Eraus
Riicht Eraus

De Rekrutement vun Zaldote gëllt als Haapterausfuerderung vun der Arméi. Bis Enn 2017 soll eng nei Rekrutéierungsstrategie vun der Regierung ausgeschafft sinn, zesumme mam externe Beroder PwC.

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen