Radioen

On air

Tockcity  |  Friedberg - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mitigéierte Bilan fir d'CMCM

Fabio Secci

Mitigéierte Bilan fir d'CMCM

CMCM kann sech d'nächst Joer erlaben, nei Prestatiounen anzeféieren, wéinst engem Excedent am Budget fir d'Joer 2016. Fir d'Caisse médico complémentaire mutualiste gëtt et ee mitigéierte Bilan. D'lescht Joer gouf et bei de Memberen ee liichte Réckgang vu 0,6%. D'Unzuel un neien Affiliatioune geet awer ëm 6,3% an d'Luucht, esou de Generaldirekter vun der CMCM.

auto_stories

1 min

Bei der CMCM, der "Caisse médico-complémentaire mutualiste", gouf et d’lescht Joer ee liichte Réckgang vun den affiliéierte Memberen. 263.000 Persounen, oder 45% vun der gesamter Populatioun, gi vun der der CMCM couvréiert. Dat ass ee liichte Réckgang vu 0,6%, dat heescht 1.200 Memberen manner am Verglach mam Joer virdrun. Dat geet aus dem Rapport vun der "Caisse Médico-complémentaire mutualiste" ervir, deen op hirem Kongress presentéiert gouf.

Dee Réckgang wier bedéngt duerch eng méi héich Unzuel u Stierffäll. Et hätt een awer zënter 2015 bei den Affiliatiounen ee positiven Trend mat engem Plus un neien Membere vu 6,3%, esou de Generaldirekter vun der Mutuelle, de Fabio Secci.

Iwwerdeems hätt sech d'Diskussioun ëm de Sponsor-Vertrag mat der FLF berouegt, seet de Generaldirekter vun der CMCM. Dee Sponsoring wier een Deel vun der gesamter Strategie fir Jonker unzezéien, esou de Fabio Secci. Mëttlerweil hätten d'Memberen dat och verstanen.

Wëll d'Caisse médico-complémentaire mutualiste een Excedent vu 6,3 Milliounen Euro d'lescht Joer ze verzeechnen huet, géif een déi Gelder an nei Prestatiounen investéieren. Um Kongress am November ginn et méi Detailer dozou.

Interview Fabio Secciplay_arrow