Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Herr Corporation - Conspiracy!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mitigéierte Bilan iwwert "Space Mining" Initiativ

Weltraumressourcen

Mitigéierte Bilan iwwert "Space Mining" Initiativ

D'Chamber zitt ee mitigéierte Bilan iwwer d'Initiativ "Space Mining". De Wirtschaftsminister gesäit grousst Potential am Beräich vun de Weltraumressourcen. D'CSV vermësst Konkretes. Déi Lénk kritiséieren de kapitalisteschen Hannergedanke vum Projet.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / oobqoo

De Marc Baum vun déi Lénk werft dem Wirtschaftsminister Verstéiss géint de Weltraum-Traité vun 1967 vir. D'Gesetz vun 2017 iwwer d'Notze vun de Weltraumressourcen duerch privat Firmaen géif de Kapitalismus nach weider ausbreeden, esou de Marc Baum.

D'CSV-Fraktioun weist sech skeptesch iwwer d'Fortschrëtter am Beräich vun der Weltraumfuerschung zu Lëtzebuerg. Speziell beim Projet Space-Mining. Zwee grouss Projeten, d'Initiativ Planetary Resources an Deep Space Industries wiere jo gescheitert. Bis elo hätt de Wirtschaftsminister net vill opzeweisen, seet den CSV-Deputéierten Laurent Mosar.

D'CSV-Bedenken hätte sech no zwee Joer bestätegt. D'Ursaach dofir géif am "Laissez-faire op der Äerd berouen" an dat kéint a wéilt déi gréisst Oppositiounspartei der Regierung a speziell dem Wirtschaftsminister net duerchgoen loossen.

Wirtschaftsminister: Secteur huet groussen Interêt u Lëtzebuerg

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider kontestéiert déi Ausso vum CSV-Deputéierten. 20 Start-Uppe wieren zu Lëtzebuerg entstanen. D'Start-Up "ISPACE" wéilt iwwerdeems 2020 op de Mound fléien, seet de Wirtschaftsminister. D'Entreprise géif zesumme mam LIST e Massespektrometer entwéckelen, deen um Mount ënner anerem no Waasser siche soll. "Dat ass eng Entwécklung, déi mir dono kënne weltwäit vermaarten", sou den Etienne Schneider.

Weider 150 Demande géife momentan vum Ministère analyséiert ginn. Donieft wier 50 Entreprisen mat 800 Beschäftegter am Grand-Duché am Beräich vum Weltraum aktiv. Vum Hierscht un, gëtt et op der UNI Lëtzebuerg ee Master am Beräich vun der Weltraumfuerschung.

"Weltraum huet enormt wirtschaftlecht Potential"

De Grand-Duché wier um Ufank, wéi d'Strategie Space-Mining lancéiert gouf, vun der europäescher Welt-All-Agence ESA kritiséiert ginn, elo hätt d'Agence hir Meenung geännert. An enger rezenter Etüd vun der ESA an Zesummenaarbecht mat der Auditgesellschaft Price Waterhouse Coopers wier erauskomm, datt et am Beräich vun der Weltraumfuerschung ee Potential vun 170 Milliarden Euro géif ginn.

Duerch déi direkt Notzung vu Ressourcen am Weltraum géif en zousätzlecht Spuerpotential bedeiten. De Wirtschaftsminister schwätzt vun der Zomm vun 135 Milliarden Euro. Dee ganze Secteur vun der Weltraumindustrie kéint iwwerdeems an den nächste Joren 1,8 Milliounen nei Aarbechtsplaze schafen, behaapt den Etienne Schneider.

Ännerungen um Space Treaty néideg

Fir de Wirtschaftsminister geet et drëm déi Aktivitéiten ze reguléieren. Zesumme mat internationale Partner géif ee momentan dofir militéieren, fir datt de Space Treaty vun 1967 un d'Gegebenheete vun haut ugepasst gëtt, seet den Etienne Schneider. Een amendéierten Traité misst awer och fir d'Zukunft Reegele virgesinn, déi kloer reegelen, ënner wat fir enge Konditioune de Weltraum kann exploitéiert ginn.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider präziséiert datt am Oktober dëst Joer, d'UNI Lëtzebuerg een neien interdisziplinäre Space-Master proposéiert. Bis zu 20 Studenten kéinten drun Deel huelen.