Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mobbing ass present, et gëtt awer net genuch driwwer geschwat"

Generator

"Mobbing ass present, et gëtt awer net genuch driwwer geschwat"

Fënnef Schüler aus dem Lycée Technique vu Lalleng hunn e Video gedréit an deem si op de Mobbing an de Schoulen opmierksam maache wëllen. Si wëllen de Betraffenen hëllefen an hire Message weider verbreeden.

auto_stories

3 min

Fir hire Cours Gestion de Projet hunn de Kevin, den Alex, de Michel, de Joé an d'Alessia e Projet missen op d'Been stellen. Relativ séier si si dunn zu der Conclusioun komm, datt si gären eppes iwwer d'Thema Mobbing an de Schoule wéilte maachen, well iwwer dee Problem géif net geschwat ginn, seet d'Alessia.

"Et gëtt net driwwer diskutéiert an et ass och net esou, datt sech mol e Proff histellt a seet, dat ass falsch. Oder datt mol ee seet, wéi ee sech an esou enger Situatioun behuele soll. Do hu mir eis geduecht, wann dat soss kee mécht, da maache mir dat eben."

E puer vun hinne wiere schonn Affer vu Mobbing ginn, seet den Alex. Dat wier awer net acceptabel, och well et scho Fäll gi wier, an deene sech Jugendlecher d'Liewe geholl hätten, well si gemobbt goufen.

E Film iwwer Mobbing

Fir hire Message ze verbreeden hunn déi fënnef decidéiert e Video zum Thema ze dréien. Am Mee vum leschte Joer hu si ugefaangen ze plangen, am November war de Film fäerdeg. D'Dréibuch, d'Regie an d'Schauspillaarbecht hunn d'Schüler selwer iwwerholl, nëmme beim Material goufe si vu Sponsoren ënnerstëtzt.

An zwou Seancë gouf hire Film och am Kinepolis um Belval gewisen. Uschléissend un de Video gouf en Debat mat der Psychologin Catherine Verdier organiséiert, déi erkläert huet, wéi een op Mobbing am beschte reagéiere soll. Et wier wichteg, datt een de Mobbing zum Thema mécht, seet de Kevin, virun allem hautdesdaags.

"Ech mengen de Problem ass an de leschte Joren nach méi schlëmm ginn, virun allem wéinst de Smartphones an de soziale Netzwierker. Haut muss een eng Persoun mol net méi direkt uschwätzen, fir si ze mobben."

D'Reaktiounen déi si op hire Projet kritt hätten, wiere gréisstendeels positiv, soen déi fënnef Schüler aus dem LTL. An de nächster Zäit wëlle si an esou vill Lycéeë wéi méiglech goen an do hire Video weisen.


De ganzen Interview mam Alex, Kevin, Michel, Joé a mam Alessia kënnt Dir Iech an dëser Emissioun vum Generator lauschteren. Anert Thema an der Sendung war den American Football hei zu Lëtzebuerg. Op Besuch am Studio waren de President an den Headcoach vun den Diddeleng Steelers.