Radioen

On air

Tockcity  |  Joe Armon-Jones & Hak Baker - Wrong Side Of Town Feat. Hak Baker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mobilitéits-Projetefir 2021

Ausbléck

Mobilitéits-Projetefir 2021

Fir d'Mobilitéit war d'Joer 2020 e Schlësseljoer. Ëmmerhi gouf am Mäerz zejoert de gratis ëffentlechen Transport ageféiert, am Dezember ass den Tram bis op d'Stater Gare gefuer. Wéi geet et elo, am neie Joer, virun am Beräich Mobilitéit? Wéi eng Projete sollen 2021 realiséiert oder lancéiert ginn?

auto_stories

4 min

Foto: picture alliance / Harald Tittel / dpa

Den 13. Dezember ass den neien Tracé vum Tram ageweit ginn, deen elo bis op d'Stater Gare fiert. Fir de Mobilitéitsminister ass dat e "phenomenale Succès", mat elo scho 36.000 Passagéier den Dag. Mëttlerweil fiert den Tram an engem Takt vu véier Minutte fir méi Capacitéit ze hunn - dat war eigentlech net virgesinn, seet de François Bausch,

Wann d'Passagéierzuelen dann nach eng Kéier klammen nom Lockdown, a wann nees méi Leit aus dem Teletravail zeréck op d'Aarbecht kommen, kéint d'Frequenz op dräi Minutten erofgesat ginn. D'Tram-Quaie wieren och esou gebaut, datt ee méi laang Ramme vu 65 Meter kéint benotzen. Esou kéinten am Plaz vu 450 souguer 600 Passagéier dovunner profitéieren.

Méi Capacitéit a Sputt gëtt et och op der Stater Zuchgare, wou bis d'Enn vun dësem Joer dee sechste Quai wäert fäerdeg sinn. Iwwer de Summer soll déi nei Passerelle fir Foussgänger Bouneweg mat de Quaie verbannen, dat och mat Lifter. "Modern, wéi sech dat gehéiert."

Ausbau vun de Vëlospisten

D'Vëlospist, déi de Staat duerch d'Avenue de la Liberté erof bis bei d'Gare baut, soll am Februar fäerdeg ginn. Déi géif och nach weider ausgebaut ginn iwwer de Pont Buchler op déi nei N3 a soll a Richtung Bouneweg goen, spéiderhin och op d'Cloche d'or.

"An da baue mer parallel an den nächsten zwee Joer och déi schnell Vëlospist op Beetebuerg", seet de François Bausch.

Den Zäitplang bis 2035

D'Reorganisatioun vum Busreseau gouf schonn zu engem Deel ëmgesat. Mee bis se ganz fäerdeg ass dauert nach bis September, esou de Mobilitéitsminister. Do misst een och flexibel bleiwen, fir wann néideg provisoresch Buslinnen anzeféieren:

"Et muss een de Busreseau kucke mam Zuchreseau, mam Tramsreseau, mam Vëlosreseau, mat de Foussgänger - alles muss ee kucken. An dofir soen ech och ëmmer: d'Conclusioun wäert sinn, dat ass 2024, da sinn déi grouss Saachen all fäerdeg, bei alle Verkéiersmëttel, an dann hu mer eng ganz aner Situatioun.

Enn 2023, ufanks 2024, ass fir de François Bausch nëmmen ee vun de Schlësseldatumer vu senger Mobilitéitspolitik. Deen aneren ass 2035, en Datum, deen am Minister sengem sougenannten "Plan de mobilité national 2035" festgehalen ass.

Dëse méi laangfristege Plang soll dëst Joer fäerdeg an nach virum Enn vum Joer virgestallt ginn. Dee Plang wier eng Weiderféierung vum Modu 2.0, mat enger preziser Strategie:

"[...] wat alles muss geschéie bis 2035, fir datt mer endlech erauskommen aus där Situatioun, datt mer hannendru lafen, mat de Chantieren a Problemer. Datt mer net déi Situatioun kréien, an där mer waren, elo virun e puer Joer. Déi Projeten, déi am Fong ech elo all bauen, déi hätte menger Aschätzung no misse vill méi fréi gemaach ginn. Den Objektiv ass also bis 2035, datt mer ni méi an déi Situatioun kommen."

Subside fir d'Elektromobilitéit

D'Elektromobilitéit, virun allem den elektreschen Auto, gëtt och dëst Joer weider gefërdert, mee de Subventiouns-System soll nom 31. Mäerz geännert ginn.

An der Kris goufen d'Primme fir en Elektroauto oder eng elektresch Camionnette op bis zu 8.000 Euro eropgesat. Nom 31. Mäerz soll awer en neien, gestaffelte System, mat Krittäre kommen. D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg wier amgaang, do drun ze schaffen a soll dat deemnächst virstellen.

Subsidë wäerten och nom 31. Mäerz behale ginn, seet de François Bausch, "mee mir wäerten dat awer agencéieren". Et wéilt een net méi "egal wat subventionéieren."

"Mir gesinn net an, fir wat een da weider soll hyper-deier Autoen och nach soll e Subside ginn. Mir wëllen éischter eng Stafflung dra bréngen, datt - an dorop leeft et herno och warscheinlech drop eraus - datt een, wann ee sech z. B. en Auto keeft, dee méi kleng ass, datt do de Subside warscheinlech esouguer méi héich ass, wéi bei engem ganz décken. Well mer natierlech och dervun aus ginn, datt déi méi kleng bis mëttel Autoen, dat sinn déi, wou 'normal' Bierger, déi net esou vill Suen hunn, oder déi normal Ausgaben-Täteger sech kënne leeschten. An dofir ass et besser, mir halen do et oprecht, mee mir kierzen awer ganz uewen, an der ieweschter Skala."

Weider Chantiere op der Autobunn an Zuchreseau

D'Autobunn A3, d'Haaptverbindung mat Frankräich, ass dacks komplett iwwerlaascht a gëtt dofir op zwee Mol dräi Spueren ausgebaut. Hei ass de Chantier schonn amgaang, d'Zouschléi wieren déi lescht Woch gemaach ginn. 2021 soll dee Chantier richteg lassgoen, erkläert de François Bausch.

Wat d'Aarbechten un der Zuchstreck tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg ugeet, hätt een am Lockdown e bësse Verspéidung kritt, mee déi wier net dramatesch, den Timing géif nach ëmmer gehale ginn.

"Also 2024 soll déi Streck operationell sinn. Dofir soen ech ëmmer: 2024 gëtt e Schlësseljoer, well da sinn déi meescht grouss Infrastrukture fäerdeg."