Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Momentan keng gemeinsam Positioun

Google Datazenter

Momentan keng gemeinsam Positioun

"Wann et net sou geet, wéi mir eis dat virstellen, da gëtt et schwéier fir de Projet Google Datazenter duerchzekréien." Dat sot de Bisser Gemengeconseiller vun Är Leit, David Viaggi. Hien dierft viraussiichtlech neie Buergermeeschter vu Biisse ginn.

auto_stories

1 min

Seng Equipe wëllt eng Koalitioun mat der fréierer CSV-Conseillère Cindy Barros agoen. Obwuel dat nëmmen eng knapp Majoritéit vu 6 zu 11 Gemengeréit ass, géif se dem David Viaggi no net op wackelege Féiss stoen.

Är Leit wéilten de Projet net blockéieren, mee an den zukünftegen Diskussioune ronderëm de PAP "relativ vill fuerderen". Et géif den Ament mat der Cindy Barros awer nach keng gemeinsam Positioun ginn, esou nach den David Viaggi. Hie géif awer dovun ausgoen, datt ee mat hir ee Wee géif fannen. D'Cindy Barros hat beim zweete Vott fir d'Ëmklasséiere vum Terrain fir de geplangten Data Zenter am PAG mat "nee" gestëmmt.