Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Besser a méi maturéiert Reform"

Lycées-Reform

"Besser a méi maturéiert Reform"

D’Enseignantsgewerkschaft Féduse-CGFP weist sech an enger éischter Reaktioun zefridde mat de Pläng vum Minister Claude Meisch, fir de Lycée ze reforméieren. Den Däiwel géif awer am Detail leien, sou d’Generalsekretärin Mona Guirsch.

auto_stories

3 min

Mona Guirsch

Et géif een nach op schrëftlech Detailer waarden, selwer wier een eréischt Enn der leschter Woch iwwert dem Educatiounsminister säi Projet (“ee risegen Dossier”) an d’Bild gesat ginn, sou d’Mona Guirsch. An elo kuerz virun der Summerpaus, wéi de Claude Meisch seng Virstellungen op den Dësch geluecht huet, hätt jidderee “schonn e bëssen de Kapp am Congé”.

Am Verglach mat fréiere Reformpläng vun der deemoleger LSAP-Ministesch Mady Delvaux, wier dat heiten awer eng “besser a méi maturéiert Reform, déi dem Schüler zegutt kënnt”, sou d’Generalsekretärin vun der Féduse am Gespréich mam Maxi Pesch. D’Gewerkschaften haten d’Lycéesreform vun der Ministesch Delvaux deemools massiv kritiséiert. Well se zäitgläich mat “enger laangwiereger Geschicht vun enger Beamtereform” gefall wier, seet d’Mona Guirsch. Dowéinst wier dacks “an de Käpp e Cumul vun der Beamtereform an der Schoulreform entstanen”. Eng "Ofwierhaltung" wier am Fall vu “massive Verännerunge” fir den eenzelen Enseignant “natierlech” gewiescht.

"Den Däiwel läit ëmmer am Detail"

De Minister Meisch hätt versicht, de sëllechen “oppositions formelles” vum Staatsrot géint de Projet Delvaux Rechnung ze droen. Elo misst ee kucken, “den Däiwel läit ëmmer am Detail”, sou d’Generalsekretärin vun der Féduse-CGFP. Méi Flexibilitéit, Raum fir nei Fächer (wéi Informatik oder Mediewëssenschaften)? “Mir fannen, datt et mam Zäitgeescht geet”. Et géif ee begréissen, datt net de Schüler d’Fächer wielt, mee datt dee vu senger Schoul ee Package offréiert kritt.

D’Basis vum Lëtzebuerger Schoulsystem wier doduerch geséchert, datt d’Sproochen an d’Mathematik als ee Volet erhale géife bleiwen. D’Bäibehale vun den dräi Sproochen Däitsch, Franséisch an Englesch mat equivalente Koeffizienter bis op Deuxième: och dat wier positiv, a wichteg, fir de Wäert vum Diplom am Ausland. Dem Mona Guirsch no wier och der ’Suerg vun der Gewerkschaft Rechnung gedroe ginn, datt fir d’Promotioun vum Schüler all d’Fächer zielen.

"Krokeleg Fro" vum "coefficient réducteur" scho gekläert

“D’Autonomie vun de Schoule gëtt elo endlech um Pabeier festgehalen, während se an der Praxis scho laang besteet”. A wann all Schoul sech hiren eegene Profil ka ginn, “dann ass de lycée de proximité’ vum Dësch, logescherweis”, fënnt d’Gewerkschaftlerin. A well een se net méi ënnert enee kéint vergläichen, géif vläicht d’Konkurrenzdenken tëschent de Lycéeën ophalen. Wéi wäit d’Autonomie vum Plangen tatsächlech geet, misst ee kucken. D’Féduse wier skeptesch wat d’Ëmsetzung fir méi Choix betrëfft.

Droen d’Proffen d’Reform mat? Dat wier “net sécher”, sou d’Mona Guirsch. D’Enseignante wieren an der lescht “dacks virun de Kapp gestouss ginn an iwwerrumpelt gi mat zäitgläiche Verännerungen”. An der Reform wier awer “vill Potential do”. A fréier Pläng vum DP-Minister Meisch, fir d’Proffen op den Ofschlossklasse strikt no de geleeschte Stonnen ze bezuelen (“coefficient réducteur”), déi “krokeleg Fro fir eis Memberen (...), déi hu mer direkt konnte klären”.