Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Munnerefer regional Museksschoul

Lex Delles

Munnerefer regional Museksschoul

Munneref kritt vu September un eng nei regional Museksschoul, déi ënner der Regie vun der Gemeng funktionéiert. Bis elo gouf Munnerefer Museksschoul un d'UGDA ge-outsourced. Aacht equivalent Vollzäitaarbechtsplaze ginn ausgeschriwwen. Verschidde Museksproffe, déi fir den Ament ënner Kontrakt sti mat der UGDA, wéilt een iwwerhuelen. De Munnerefer Buergermeeschter hofft, datt d'UGDA keen Drock op d'Enseignante mécht.

auto_stories

2 min

Lex Delles (Foto: Archiv)

Fir déi spezifesch Instrumenter ginn et Kontrakter mat véier bis fënnef Stonnen d'Woch, präziséiert de Buergermeeschter Lex Delles. Wann et ëm de Solfège oder d'Verwaltungsleedung geet sinn et Vollzäittâchen. Am Gemengerot gouf déi Decisioun eestëmmeg ugeholl. Och Duelem wéilt sech uschléissen, do misst de Gemengerot nach driwwer ofstëmmen. Am Gespréich wieren nach aner Uertschaften, déi fir d'éischt wéilten ee Joer laang waarden, éier si sech derfir entscheeden, seet de Lex Delles.

Den DP-Buergermeeschter seet, datt d'Gemeng wéilt matschwätze kënnen, wien als Enseignant agestallt gëtt. Iwwerdeems kéint d'Museksschoul och vill méi an d'Gemengeliewen mat agebaut ginn, wann déi Enseignanten direkt fir d'Gemeng schaffen.

Eng regional Museksschoul gëtt et an der Ëmgéigend vu Munneref nach keng. Déi noosten am Osten ass zu Gréiwemaacher. Déi géif och ouni d'UGDA funktionéieren, seet de Lex Delles.

Sich no Accord mat der UGDA iwwer Enseignanten

D'Munnerefer Gemeng an hie selwer hoffen, datt d'UGDA net géif probéieren, fir Drock op d'Enseignanten ze maachen, seet de Lex Delles. D'Gemeng wier oppe fir Enseignanten, déi zu Munneref Musekscourse ginn, an déi sech fir oppe Plaze wéilte mellen. Hien hofft, datt ee mat der UGDA een Accord fënnt, deen et erméiglecht, datt d'Leit gläichzäiteg bei der UGDA an an der Gemengeverwaltung schaffe kéinten, sou de Lex Delles.


Integralen Interview mam Lex Delles, de 14. Abrëll:

Lauschterenplay_arrow