100,7-Informatiounen no huet ronn d'Halschent vun der Equipe der Directrice Suzanne Cotter eng Degradatioun vun den Aarbechtskonditiounen, eng schlecht intern Kommunikatioun oder nach Onkloerheeten iwwer d'Strategie vum Musée reprochéiert. De Musée wier anescht wéi d'Directrice rezent gesot hat, och net méi an enger Transitiounsphas huet et geheescht.
D'Lescht Woch war een anonymme Bréif mat ähnleche Kritiken um Musée ëffentlech ginn. D'Suzanne Cotter, fréier am Musée Modern Art Oxford an an engem Musée zu Porto aktiv, war virun engem Joer Directrice vum Mudam ginn, dat als Nofolgerin vum Enrico Lunghi.