Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - Wall Of Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muer kéint dee wäermste Joreswiessel zu Lëtzebuerg ginn

Silvester 2022

Muer kéint dee wäermste Joreswiessel zu Lëtzebuerg ginn

Den aktuelle Wiederprognosen no, kéinten et muer bis zu 17 Grad zu Lëtzebuerg ginn. Dat wier domat de wäermste Joreswiessel zu Lëtzebuerg zanter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen um Findel. Domat géif de Rekord vun 2019 mat 14,7 Grad fir de Mount Dezember zu Lëtzebuerg gebrach ginn.

auto_stories

2 min

De Luca Mathias ass Meteorolg bei Meteolux. Foto: Archiv

Iwwerhaapt war 2022 e Joer mat aussergewéinlech héijen Temperaturen. Et war dat zweet-wäermst Joer mat am Duerchschnëtt 11,2 Grad. Just 2020 war et nach méi waarm, mat enger Moyenne vun 11,3 Grad.

Wieder-Rekorder ginn ëmmer méi warscheinlech

Mam Klimawandel géif d'Warscheinlechkeet, datt mir esou Rekorder briechen, ëmmer méi grouss ginn, schätzt de Luca Mathias vum staatleche Wiederdéngscht Meteolux.

De Luca Mathias vu Meteolux lauschterenplay_arrow

Et hätt een natierlech vu Joer zu Joer eng gewësse Variabilitéit, erkläert de Meteorolog, an esou kéint ee "relatiivt normaalt Joer" ëmmer erëm dertëschent kommen. Den allgemengen Trend iwwer déi lescht Joerzéngten ass awer kloer:

"Da gesäit een awer, datt d'Temperaturen zouhuelen, an dat heescht d'Warscheinlechkeet, datt mir déi nächste Joerzéngten am Allgemengen nees Rekorder - sief et Rekorder iwwer e Joer gekuckt oder iwwer e Mount gekuckt - brieche wäerten, déi Warscheinlechkeet ass awer sécherlech ginn."

Och ëmmer manner Schnéifall

Och bei den Deeg mat Schnéi wier ee klore Réckgang ze verzeechnen, wann een déi zwou Referenzperiode vun 1961 bis 1990 mat 1991 bis 2022 géif vergläichen.

Et kéint een dann och déi nächst Joerzéngten dovun ausgoen, datt d'Frequenz un Deeg mat Schnéifall weider wäert erofgoen, esou nach de Meteorolog Luca Mathias.