Hie wier no der russescher Invasioun vun der Ukrain gefrot ginn, fir déi Büst ewech ze huelen, seet de Munnerfer Buergermeeschter Steve Reckel. "Dat war mer e bëssen ze schwéier, well déi ass awer op engem grousse Stee gestallt. An op där anerer Säit, am Ufank vun der Invasioun wousst e jo och nach net richteg, wéi dat Ganzt géif ausaarten."
Hien hätt an der Suite den Direkter vum Domaine Thermal gefrot, fir d'Büst ofzedecken "fir datt se och effektiv net méi visibel ass an datt dann och deementspriechend net méi doriwwer geschwat gëtt". Hien hätt awer keng Anscht, datt d'Büst géif futti gemaach ginn, sou de Munnerefer Buergermeeschter.
D'Büst vum Juri Gagarin war Enn 2018 zu Munneref devoiléiert ginn, a Presenz vum russesche Kosmonaut Alexander Misurkin. Virdrun hätt d'Konschtwierk an der russescher Ambassade gestanen, esou de Steve Reckel.
De Juri Gagarin (1934-1968) war am Joer 1961 deen éischte Mënsch am Weltall.