Radioen

On air

Tockcity  |  Fat Dog - All The Same

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Italienesch Wieler schounen oder Regele respektéieren?

Bankerettung

Italienesch Wieler schounen oder Regele respektéieren?

De Brexit a seng Konsequenze sinn nach laang net verdaut, do kënnt schonn deen nächste gréissere Problem op d’EU a virun allem d’Eurozone duer. Enn des Mounts ginn d’Resultater vun engem Banke-Stresstest verëffentlecht. Dat kéint eng Kris vum italienesche Bankesystem ausléisen, déi den Drama ëm Griicheland bei wäitem an de Schiet géif stellen. Eng Wirtschaftchronik vum Michel Delage:

auto_stories

4 min

Michel Delage

Den Haaptproblem vum italienesche Bankesystem ass de Bierg vu sougenannte faule Kreditter, déi kaum wäerte kënnen zeréck bezuelt ginn. Dat sinn 18% vun all de Kreditter, oder 360 Milliarden € – duebel esou vill wéi viru fënnef Joer. An der Eurozone gëtt et nëmmen ee Land, dat méi schlecht do steet: an zwar Griicheland, mat 34% u sougenannten “non-performing loans”.

D’Aktiewäerter vun den zwou gréisste Banken - Unicredit an Intesa Sanpaolo – sinn zënter dem Ufank vum Joer ëm ronn een Drëttel gefall. Nach méi schlecht drun ass dat drëttgréisste Kreditinstitut: Monte dei Paschi di Siena huet 90% u Wäert verluer.

Wirtschaft an Italien stagnéiert

D’Banken a Spuenien an an Irland waren haaptsächlech wéinst enger Spekulatiounsblos am Immobilie-Secteur op Kreditter sëtze bliwwen. An Italien läit de Problem bei Prêten u kleng a mëttelgrouss Entreprisen. Am Idealfall misst d’Wirtschaft do unzéien, ob der italienescher Hallefinsel huet se awer zënter Jore stagnéiert. D’Produktivitéit geet an Italien net an d’Luucht, des weideren huet déi ëffentlech Hand iwwert d’Joren net genuch investéiert. D’Infrastrukturen hu sech mat der Zäit degradéiert. Heterodox Wirtschaftswëssenschaftler wéi de Jacques Sapir maachen d’Aféierung vum Euro fir des Situatioun verantwortlech.

Déi italienesch Banke mussen also rekapitaliséiert ginn. Mee wéi? Zënter dem éischte Januar vun dësem Joer sinn an der Eurozone nei Regelen a Kraaft, deenen no bei enger Bankerettung de Steierzueler (“bail out”) nëmmen “en dernier recours” kann asprangen. Fir d’éischt mussen d’Aktionären an d’Cliente (“bail in”) bezuelen. Allerdéngs besteet an Italien den Aktionariat vun de Banken zu engem gudden Deel vun normale, dacks esouguer modeste Stéit. Déi hu Bankaktie kaf zu engem Zäitpunkt, wou de Staat nach de Risiko bei eventuelle Bankefaillite gedroen hätt.

Politesch brenzeleg

Fir de lénksliberale Premier Matteo Renzi ass et eng politesch brenzeleg Situatioun. D’Regierung – an déi etabléiert Parteien am grousse Ganzen – sti souwisou schonn ënnert dem Drock vun der ëmmer méi populärer anti-establishment Partei “Movimento 5 Stelle”, déi viru kuerzem bei Gemengewahle Roum an Turin eruewert huet. De Renzi huet da säi Schicksal als Premier vum Ausgang vun engem Referendum, am Oktober, iwwert eng Verfassungsreform ofhängeg gemaach. Also d’Stéit zur Kees bieden oder sech un d’EU-Regelen halen?

Däitschland dierft am Prinzip drop halen, datt d’Regele vun der Bankenunioun respektéiert ginn. Den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble huet nach en Donneschdeg virun der Press gemengt, eng Léisung bannent de Regele wier méiglech falls et Handlungsbedarf sollt ginn. Et misst ee fir d’éischt d’Resultater vun engem Stresstest ofwaarden, deen déi europäesch Bankenautoritéit EBA den 29. Juli soll verëffentlechen.

Staatlechen Agrëff trotz neie Regelen?

A méiglecherweis besteet och Sputt fir ee staatlechen Agrëff ze rechtfertegen, zum Beispill fir d’Stabilitéit vum Finanzsystem ze garantéieren. Mee och da missten ëmmer nach d’Bankaktionären an d’Cliente bezuelen. Eng aner Méiglechkeet wier d’Schafung vun engem private Fong, deen d’Verloschter vu Klengaktionäre géif kompenséieren. Verschidden ugeschloe Banke kéinten dann och selwer probéieren u Suen ze kommen, fir sech ze rekapitaliséieren.

Sollt de Bankesystem vun hirem véiert-gréisste Member an d’Struewele geroden, da wier dat fir d’Eurozone op jidder Fall eng Belaaschtung, déi se bis elo nach net kannt huet.