Aus den inoffiziellen Zuelen, déi Luxtransplant virleie geet ervir, datt Uganks 2018 ronn 79 Patienten op e Spenderorgan gewaart hunn. Bis dato konnte 27 vun dësen Demanden erfëllt ginn, esou de Jorge de Sousa. Dogéint goufen 2018 zu Lëtzebuerg just siwen Organspender gezielt, esou datt op Done vun der europäescher Stëftung Eurotransplant misst zeréckgegraff ginn. Am europäesche Verglach schneit Lëtzebuerg schlecht of, seet de Jorge de Sousa vu Luxtransplant.
Déi Länner, déi déi selwecht Gesetzgebung wéi Lëtzebuerg hunn, si vir bäi. D'Belsch huet 29,7 Spende pro Millioun Awunner, Spuenien op 33. Dat sinn déi top Länner. Dat mat der selwechter Gesetzgebung wéi Lëtzebuerg. Dat lëtzebuergescht Gesetz wier deemno gutt, seet de Jorge de Sousa.
Opt-out-Verfahren
Soulaang eng Persoun sech net géint eng Organspend ausgeschwat huet, sief dat per Oppositioun iwwert de Spenderpass oder am Krees vun der Famill, ass déi Persoun Organ-Spender. Dat steet am dem Gesetz vum 25. November 1982, dat all Resident eng sougenannt "présomption de solidarité" ënnerstellt, erkläert de Jorge de Sousa.
"Mir ginn net hin a mir froen d'Famillen ëm Erlaabnis. Mir ginn hin a mir erklären der Famill ganz einfach, datt mir elo an engem Fall si vun enger Organspend oder dem Gehirdoud, a mir géife gären eriwwer goen op d'Organdspend." Wann d'Famill dogéint wier, misst een dat akzeptéieren.
Weider Sensibiliséierungsaarbecht néideg
Aktuell leit dem Staatsrot e Gesetzprojet vir, dee virgesäit, datt Persounen am elektronesche Patientendossier mussen uginn, op si fir oder géint d'Spend vun hiren Organer sinn. De klassesche Spenderpass gëtt domat awer net ersat. Eng Viraussetzung ass dem Jorge de Sousa wichteg. Et misst een de Leit d'Méiglechkeet ginn, datt si wierklech selwer eng Decisioun treffe kënnen. Dat géif net vun haut op muer goen.
Fir datt méi Leit zu Lëtzebuerg Organspender ginn, gëtt et an den Aen vum Jorge de Sousa just eng Léisung: Informatioun. Momentan géif et nach ee grousse Manktem un Informatioun ginn, "dat mécht datt eis Zuelen nach net top sinn".