Engersäits klëmmt d'Zuel vun iwwer 60 Joer ale Persounen, déi sech ustieche weider: Iwwer 400 waren et der d'lescht Woch - däitlech méi wéi nach d'Woch virdrun.
Mëttlerweil mécht d'Alterskategorie vun de 60+ bal ee Fënneftel vun den aktiven Infektiounen aus - hiren Undeel ass déi lescht Woche lues mee konstant geklommen.
Bei den Nei-Infektiounen konnt eng weider explosiounsaarteg Hausse wéi an der Woch vum 19. Oktober kloer evitéiert ginn. Mat iwwer 700 Neiinfektiounen um 3. November bleift een awer op engem héijen Niveau. An een effikasse Contact Tracing - deen dozou soll bäidroen d'Kontroll iwwer d'Situatioun ze behalen - ass esou weiderhin net méiglech.
Hausse vu Virus-Konzentratioun am Ofwaasser
Wéi volatil d'Situatioun ass, weisen déi nei Wäerter aus de Kläranlagen: D'Konzentratioun vu Virus-Réckstänn am Ofwaasser ass ufanks dëser Woch nees geklommen. D'Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie, LIST, hat d'lescht Woch nach eng däitlech Baisse bei enger Majoritéit vun de Miessstatioune festgestallt. Mee iwwer de Weekend sinn d'Wäerter nees geklommen.
Bis eng Persoun, déi sech ustécht, muss hospitaliséiert ginn, kann et puer Wochen daueren. Mat wéi enger Entwécklung elo an de Spideeler ze rechnen ass, doriwwer leien der Santé Projektioune vir, déi awer net publizéiert ginn. Dëst wéinst der Komplexitéit vun dësen Donnéeën, heescht et op Nofro hin am Ministère.