Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - Stay With Me Through The Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach keng Decisioun iwwer Steewollfabrick

Impakt op d'Ëmwelt

Nach keng Decisioun iwwer Steewollfabrick

Et muss gepréift ginn, wéi een Impakt déi geplangte Steewollfabrick zu Suessem op d'Ëmwelt huet. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervir. Eréischt duerno géif eng Decisioun geholl ginn.

auto_stories

2 min

Et kéint een den Ament nach net soen, wéini eng Decisioun iwwer déi geplangte Steewollfabrick zu Suessem fält. Dat geet aus enger Äntwert vun de Ministere François Bausch, Carole Dieschbourg an Etienne Schneider op eng Question parlementaire vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ervir.

Eréischt wann d'Evaluatioun iwwer den Impakt op d'Ëmwelt ofgeschloss ass, kéint d'Kommodo-Prozedur ulafen, heescht et an der Äntwert. Mam Kommodo-Inkommodo-Gesetz soll ënner anerem eng potentiell Pollutioun duerch Betriber verhënnert ginn. Eng Demande fir eng Geneemegung no dësem Gesetz wier de 27. Dezember eragereecht ginn.

Emissioune vun der Fabrick

Den Ëmweltminister kéint ëmmer nach fuerderen, datt den Impakt duerch eng Upassung vum Projet reduzéiert gëtt, wann de Betrib d'Grenzwäerter zwar géif anhalen, d'Aktivitéit duerch Emissiounen oder duerch d'Gréisst vum Betrib awer en nationalen Impakt hätt.

D'Ministere betounen, datt dës Fabrick kéint zu Problemer féieren, wat d'europäesch Loftqualitéitsziler ugeet. Virun allem am Beräich vun de Schwiefeloxider a vum Ammoniak.

Och den CO2-Ausstouss vun der Steewollfabrick wier problematesch, well en um Verbrenne vu Steekuel baséiert. Dat géif géint d'Engagementer vum Paräisser Klimaofkommes goen.

An der Äntwert heescht et och, déi geplangte Steewollfabrick géif en Investissement vun iwwer 100 Milliounen Euro bei 100 Aarbechtsplazen duerstellen. De gréissten Deel vun der Produktioun géif an dat not Ausland goen, dat wier also gutt fir d'Aussenhandelsbilanz.