Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nächst Regierung wäert Accord ierwen a respektéieren"

Gehälteraccord mat CGFP

"Nächst Regierung wäert Accord ierwen a respektéieren"

D'CSV gesäit sech gezwongen, dat geplangten Ofschafe vun der 80/80/90-Regelung fir Stagiairen am ëffentlechen Déngscht eventuell matzedroen: Dat huet den CSV-Fraktiounschef am 100,7-Interview däitlech gemaach.

auto_stories

2 min

Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler. Foto: Archiv

Knapp véier Méint virun de Chamberwahlen hat den LSAP-Minister Dan Kersch e Freideg mat der Staatsbeamtegewerkschaft ënnerschriwwen, datt ënner anerem d'80/80/90-Regelung Ufank 2019 soll ofgeschaaft ginn, an d'Stage-Dauer am Prinzip op zwee Joer soll reduzéiert ginn.

"Hei gi Versprieche gemaach, déi dës Regierung net méi muss ëmsetzen", kritiséiert de Claude Wiseler. Dat wiere Verspriechen, déi anerer, wien och ëmmer an der nächster Regierung wier, misst halen. Hie géif dat eng arrogant Aart a Weis vun der Regierung halen, fir un dësen Dossier drun ze goen, seet den CSV-Spëtzekandidat.

CGFP huet gutt verhandelt

Well am Accord vu Regierung a CGFP nach eng Rei zousätzlech Verhandlunge geplangt sinn, zum Beispill iwwer d'Carrièren, géifen elo nëmmen déi positiv Versprieche gemaach ginn, analyséiert den CSV-Fraktiounschef. De Claude Wiseler stellt och fest, datt d'Staatsbeamtegewerkschaft gutt verhandelt huet. D'CGFP hätt vum Zäitpunkt - véier Méint virun de Wahlen - profitéiert, fir dat ze kréien, wat si wëllen.

Wann d'CSV an déi nächst Regierung kéim, da wier se awer bereet, d'Ofschafe vun der ëmstriddener 80/80/90-Regelung matzedroen. Bis elo war d'CSV dofir, datt d'Ufanksgehälter an der Privatwirtschaft an am ëffentlechen Déngscht méi no beienee solle gefouert ginn. "Déi nächst Regierung wäert och dësen Accord vun der haiteger ierwen an huet deen Ierwen ze respektéieren", seet de Claude Wiseler.

Vill oppe Froen

Gläichzäiteg seet den CSV-Fraktiounschef, datt et nach vill oppe Froe géife ginn, dorënner dee vum Käschtepunkt vun de Mesuren aus der Verlängerung vum Accord am ëffentlechen Déngscht, mee och vun aneren Engagementer vun der aktueller Regierung. Och wann eenzel Mesuren "sympathesch schéngen", wier et wichteg, datt ee kuckt, wat dës Mesurë budgetstechnesch géif ausmaachen.

Den 21. Juni soll de Minister Dan Kersch an der zoustänneger Chamberkommissioun d'Detailer vum Accord mat der CGFP presentéieren. De Claude Wiseler kritiséiert, datt d'Chamberkommissioun bis elo keng Informatiounen dozou krut, weder virum Ënnerschreiwen, nach duerno. Den CSV-Fraktiounschef fënnt dat eng "iwwerhieflech" Aart a Weis, fir mat der Chamber ëmzegoen.


De Serge Kesseler am Panorama den 19. Juni um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow