Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Näischt réckgängeg maachen"

Chamberwahlen 2018

"Näischt réckgängeg maachen"

Bei der Wirtschafts- a Steierpolitik ginn et an de Wahlprogrammer vill Schnëttstellen tëschent CSV an DP. Mee wéi gesäit et bei der Sozial -a Familljepolitik aus? Am leschte Face-à-face virun de Chamberwahle begéine sech déi aktuell DP-Familljeministerin a Parteipresidentin Corinne Cahen, Kandidatin am Zentrum, an de Marc Spautz, CSV-President, Familljeminister ënner der vireschter Regierung an CSV-Kandidat am Süden.

auto_stories

3 min

Corinne Cahen (DP) a Marc Spautz (CSV)

D'DP huet an der Sozial -a Familljepolitik Reforme gemaach, déi staark vun der CSV kritiséiert goufen. Déi blo-rout-gréng Regierung huet d'Allocation d'éducation an d'Allocation Maternité ofgeschaaft an duerch d'Reform vum Congé parental an d'gratis Kannerbetreiung ersat. D'CSV fuerdert allerdéngs, datt d'Allocation d'éducation erëm agefouert soll ginn. Dat vläicht an engem anere System, wéi bis ewell, esou de Marc Spautz.

"Well do war et jo vum 3. bis de 24. Mount, respektiv bei dräi Kanner bis 48 Méint. Eise Modell, dee mir eis virstellen, ass, datt et dräi Joer ass, an datt déi Leit während dräi Joer och sozialverséchert si fir keng Ënnerbriechung an hirer Carrière ze kréien, an datt d'Leit domadder de Choix hu fir kënne selwer ze decidéieren, ob si hir Kanner an eng Struktur ginn, oder ob si och d'Geleeënheet wouer huelen, (fir) d'Kanner bis zu dräi Joer doheem ze bleiwen. Mee dat soll de Choix sinn a keng Obligatioun. D'Leit solle kënnen decidéieren - an eisen Aen - wat fir ee vun den zwee Modeller si wëllen."

Fir d'DP wier déi rout Linn, datt d'Partei näischt réckgängeg maache wéilt. De "Choix a Richtung Aarmut", wier fir d'Demokratesch Partei kee Choix, esou d'Corinne Cahen.

"Mir hunn an eisem Wahlprogramm - an ech mengen do kënnt dir duerno d'Kand nennen, wéi dir wëllt - de Congé parental Plus drastoen. Mir hunn de Congé parental reforméiert. En huet een enorme Succès. Et ass genee dat, wat d'Eltere gebraucht hunn: E besser renumeréierten a méi flexibele Congé parental. Mir wëlle méi wäit goen, mir wëllen de Leit méi Zäit ginn, fir mat hire Kanner ze verbréngen. Mee dofir dierf hir Aarbechtszäit awer net hypothekéiert ginn. Dofir dierfe si net an déi Fal geroden, wou si ze laang doheem bleiwen a kee Recht méi hunn op hir Aarbecht ze goen."

Ofsprooch iwwer Participatioun un Diskussiounsronnen

Et hätt eng Ofsprooch ginn tëschent Xavier Bettel, Claude Wiseler an Etienne Schneider, op wat fir eng Table-Rondë si géife goen. Dat seet den CSV-Parteipresident Marc Spautz an engem Face-à-face mat der Corinne Cahen, Parteipresidentin vun der DP. Den LSAP Spëtzekandidat Etienne Schneider hat rezent kritiséiert, datt et keng Ronn zu Dräi géing ginn. Ee Face-à-face wier ëmmer den aktuelle Premier géint de gréissten Erausfuerderer, esou d'Corinne Cahen. "Esouwäit ech mech erënnere kann, war deen d'lescht Woch och op RTL Tëlee Lëtzebuerg. Dat huet stattfonnt."

Muer Freideg géif nach eng Kéier eng Table ronde mat alle Spëtzekandidaten opgeholl ginn, bei där de Xavier Bettel sécher dobäi géif sinn, esou nach d'DP-Parteipresidentin. D'Diskussioun iwwer d'Bedeelegung vun den dräi Spëtzekandidaten un den Table-Rondë wier an hiren Aen "eng Panikreaktioun vu verschiddene Leit."

Et géif keng Ofsprooch tëschent CSV an DP fir zesummen eng Regierung ze bilden, seet d'Corinne Cahen. Et misst een d'Wahlresultat ofwaarden, "éier iergend een ufänkt ze spekuléieren, wien dann elo mat wiem." Fir d'CSV wier kloer, datt wann déi aktuell Dräierkoalitioun méi wéi 31 Sëtz géif kréien, datt si viru géife fueren, mengt den CSV-Parteipresident. "An dofir maache mir alles, datt si op manner wéi 30 Sëtz kommen zu Dräi. Dofir si mir och bereet, mat jiddwerengem vun deenen Dräi ze schwätze fir de Fall gesat eng Koalitioun ze maachen." Wann een eng aner Politik wéilt maachen, misst een alles drusetzen, fir datt d'blo-rout-gréng Regierung manner wéi 30 Sëtz zesummekréien, esou nach de Marc Spautz.

D'Haaptwahlzil vun der Demokratescher Partei wier et fir "eng Politik ze maachen, fir d'Mënschen hei am Land". Op d'Fro, ob d'Gambia-Regierung weider géif fueren, wa si eng Majoritéit vun de Sëtz an der Chamber géif kréien, sot d'Corinne Cahen, et misst een d'Wahlresultat ofwaarden. "An da kuckt ee jo och emol d'Programmer, an da kuckt een, wou iwwerhaapt Schnëttstelle sinn."