Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ National Interêten net onwichteg bei Posteverdeelung

Europaparlament

National Interêten net onwichteg bei Posteverdeelung

Am Europaparlament sinn déi meescht vun de nei gewielten Deputéiert ukomm. An de nächste Wochen ginn déi intern Poste verdeelt. Dobäi spillen och national Interêten eng Roll. Dat weist eng Analyse vun der Fondation Schuman.

auto_stories

3 min

Wéi wichteg sinn déi national Interêten am Europaparlament? Foto: European Union 2019 - Source : EP / Marc Dossmann

Sechs vun den 751 Europadeputéiert komme bekanntlech aus Lëtzebuerg. Domat ass de Grand Duché zwar proportional zur Bevëlkerung am Parlament iwwerrepresentéiert - an awer ass déi Delegatioun kleng fir zu Bréissel a Stroossbuerg mat vill Gewiicht lëtzebuergesch Interêten duerchzesetzen.

Anescht gesäit dat bei de grousse Memberlänner wéi Däitschland, Frankräich oder Italien aus. Datt d'Europadeputéiert sech dacks och als Vertrieder vun nationalen Interête gesinn, läit schonn dorun, wéi d'Wahlen organiséiert ginn, seet de Paul Butcher vum European Policy Center. D'Europaparlament sollt eigentlech e Parlament vun der ganzer Europäescher Unioun sinn, "mee d'Deputéiert ginn op de Lëschte vun nationale Parteie gewielt."

"Normalerweis vu Bierger, déi hir Stëmmen op mannst zum Deel op der Basis vun der nationaler Politik an net no europäesche Prioritéite verdeelen. Also bestinn d'Europawahlen net aus engem groussen Europäesche Vott, mee éischter aus 28 klengen nationale Wahlen."

Kampf ëm d'Dossieren

Tatsaach ass, datt een a ville legislative Votte geographesch Divisiounen erëmfënnt - d'Deputéiert also net onbedéngt hirer Partei, mee éischter den nationalen Interête follegen, seet den Eric Maurice, de Chef vum Bréisseler Bureau vun der Fondation Robert Schuman.

Ee Beispill wier hei d'Direktive vun den detachéierte Salariéen. Et wier keen Zoufall, datt hei ee Fransous de Rapporteur vun deem Dossier am Parlament war. Et géif ee Muechtkampf tëscht de politesche Fraktiounen, mee och tëscht de nationalen Delegatioune ginn, wann et ëm Posten am Parlament geet, sou den Expert.

Däitsch Dominanz ass ongesond

Am leschte Parlament war net z'iwwersinn, datt vill Spëtzeposte vun Däitsche besat waren: Mam Manfred Weber an Udo Bullmann koumen d'Cheffe vun den zwou grousse Fraktiounen, der Europäescher Vollekspartei an de Sozialisten allebéid aus Däitschland. Genee esou wéi d'Gaby Zimmer bei der Gauche Unie an d'Ska Keller bei deene Gréngen. Fir de Paul Butcher vum European Policy Center sollt dat offiziell kee Problem sinn:

"Well d'Fraktiounscheffe sollten hir europäesch Parteifamillje representéieren. Sou sollt et op alle Fall sinn. Ech ka verstoen, datt verschidde Leit eng Iwwerrepresentatioun vun Däitschen hei gesinn. Mee vläicht läit dat jo och drun, datt déi Däitsch zueleméisseg déi meeschte Bierger an der Europäescher Unioun hunn."

Den Eric Maurice awer ass iwwerzeegt, datt et besser wier dofir ze suergen, datt d'Spëtzeposte besser ënner de Natioune verdeelt ginn: "National Sensibilitéite si wichteg an et ka problematesch sinn, wann een eenzelt Land dominéiert."

D'EVP bleift bis op Weideres ënner däitscher Féierung. Déi lescht Woch gouf de Manfred Weber als Chef vun der EVP-Fraktioun erëmgewielt. Et ass awer nach net eraus, ob hien net Kommissiounspresident gëtt.

An de nächsten Deeg a Woche wäerten déi aner Gruppen hir Spëtzte wielen an och déi aner Posten am Parlament, wéi déi vun de Presidente vun de Kommissiounen, verdeelt ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.