Nationalarchiven: Nach keng Decisioun iwwer neie Standuert

Et ass nach keng Decisioun gefall, wou e neit Gebai fir d’Nationalarchive kéint hi kommen. Anescht wéi d’Kulturministesch am August hei op der Antenn ugedeit hat, ass och de Site zu Belval wéi et schéngt nach net vum Dësch.
odeems d’Haaptgebai vun de Nationalarchiven um Helleg-Geescht-Plateau an de leschte Méint renovéiert gouf, sot d’Maggy Nagel bei der offizieller Reouverture näischt Konkretes iwwert d’Pläng vun der Regierung. Si wéilt elo all d’Optioune vergläichen a réischt dann eng Decisioun huelen, sou d’Kulturministesch. Als méiglech Standuerter huet si Esch-Belval, d’Stad an den Ëmkrees vun der Stad genannt.
'Maggy Nagel sot och nach, datt de Projet vum geplangten Archivgesetz prett ass an demnächst op den Instanzewee geschéckt gëtt.

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen