Nationalarchiven: Neit Gebai kënnt wuel net op Belval

E neit Gebai fir d’Nationalarchive kéint am noen Ëmkrees vun der Haaptstad gebaut ginn. Dat sot d’Kulturministesch eis op Nofro hinn. D’Maggy Nagel seet sech dann och iwwerzeegt, datt de Staat dofir déi néideg Moyenen huet. Ob de Projet schonn am Staats-Budget 2015 wärt stoen, dorobber wollt d’DP-Politikerin sech nach net festleeën: d’Diskussioune mam Finanzminister wieren nach am Gaangen. Eppes schéngt kloer: op Belval kommen d’Nationalarchive wuel net. Den Terrain, dee bis ewell dofir reservéiert war, wier mëttlerweil ze kleng. D’Maggy Nagel bedauert, datt d’Nationalarchiven an de leschte Jore wéi e “Weesekand” behandelt gi wieren. Et hätt een an hiren Aen net dierfen de Bau vun enger neier Nationalbibliothéik decidéieren, ouni parallel d’Fro vun den Archiven ze klären.

No der Iwwerschwemmung Enn Juli an engem Depot vun de Nationalarchiven zu Bartreng wieren iwwerdeems d’Travaux Publics ageschalt, fir kuerzfristeg eng Alternativ ze fannen.

Den Interview vum Pia Oppel mat der Kulturministesch:

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen