Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rogé - Existe Uma Voz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den nationalen Drogerapport confirméiert d'Tendenzen aus de leschte Joren

Gesellschaft

Den nationalen Drogerapport confirméiert d'Tendenzen aus de leschte Joren

Den nationalen Drogerapport (RELIS) géif d'Tendenze vun de leschte Jore confirméieren, stellt den nationalen Drogenbeoptraagte fest. Et wier eng positiv Evolutioun, datt d'Zuel vun den Iwwerdosisse géif weider erof goen. Mee datt de Konsum vu Kokain an de Melange vu Kokain mat anere Substanze géif weider un Terrain gewannen, géif him Suerge maachen, seet den Alain Origer.

auto_stories

2 min

Foto: Jean-Marc Parries

Et kéint een de Marché zwar net steieren, mee et kéint ee versichen déi eegen Offer un déi verschidde Konsumformen ze adaptéieren. Wann also eng Substitutiounssubstanz fir Kokain géif erauskommen, géif een och do eng Schëpp noleeën, verséchert den Alain Origer.

Besonnesch d'Disponibilitéit an d'Accessibilitéit maachen awer Suergen.

"Wëll ee mëttlerweil ka vu syntheetesche Cannabinoide bis iwwert nei syntheetesch Benzodiazepinen kann ee praktesch iwwert den Internet besuergen. An dat ass eben do wou een absolut keng Handhab drop huet. Et ass natierlech extrem, extrem geféierlech dee Konsumintentioun."

Drogen aus dem Internet sinn e Probleem

Datt d'Zuel vun den Drogekonsumente stabel wier wier e gutt Zeechen. Ma och wann d'Altersmoyenne vun den Drogenofhängege géif eropgoen, géif dat net heeschen, datt net nei, méi jonk Leit géifen nokommen. D'Jugend, déi un Drogen interesséiert wier, hätt nämlech eng ganz aner Palette vu Substanzen, déi si ganz einfach iwwert den Internet kënne kréien.

"An déi Jugend vun haut kënnt aneschters an eng Drogecarrière eran, wann een dann eng Drogecaarrière mécht. Dee gëtt och net direkt esou opfälleg. Wann ee fréier Leit hat, déi mat Heroin ugefaangen hunn an déi ganz séier ofgerëtscht sinn. Dat heescht et ass en anere Profil."

D'Bahndlungsforme setze fréi un

Duerch ënnerschiddlech Offere géif ee versichen déi verschidden Zilgruppen opzefänken. Dowéinst géif d'Prise en Charge vum rekreative Konsum och ausgebaut ginn. Traditionell hätt een d'Behandlungsoptioune fir Drogenofhängeger u problematesche Konsumenten ausgeriicht, sou den Alain Origer. Haut géif ee méi fréi usetzen, wann de Konsum nach rekreativ ass. "An dat ass en dacks, wa mir iwwert Internet schwätzen, wa mir iwwert Partydroge schwätzen, datt een dat da schonn do thematiséiert a probéiert d'Kéier ze kréien iert et ze spéit ass."

Wat d'Dezentraliséierung vum Abrigado ubelaangt, esou erkläert den Dokter Alain Origer, datt den Ament Gespréicher mat der Gemeng Lëtzebuerg um Lafe wieren. Eng Réi méiglech Sitte wieren och schonn identifizéiert, ma et hätt een nach kee Konsens fonnt.