Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Cruiser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalgard beschützt den US-Kongress

Virun der Vereedegung

Nationalgard beschützt den US-Kongress

D'amerikanesch Haaptstad Washington bereet sech op d'Vereedegung vum Joe Biden vir. Schonn elo sinn d'Sécherheetsmoossnamen impressionant. Néng Deeg no der Erstiermung vum Kapitol a fënnef Deeg virun der Vereedegung ass d'Stad zu enger Festung ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Gëschter Mëtteg gouf virum Kapitol op der West-Säit den Toun-System fir d'Vereedegung gepréift, op deenen nämmlechten Trapen, déi Randaléiere de 6. Januar erstiermt haten. Eng kleng Erënnerung drun, datt et trotz Ausnamezoustand e Mëttwoch zur Vereedegung vum Joe Biden kënnt. Héieren huet dat bal keen, well no un de Kapitol kënnt kee méi. Just e puer Techniker, Journalisten, d'Parlamentarier selwer, Honnerte Polizisten, an Dausenden Zaldoten.

D'Nationalgard steet prett

D'Membere vun der amerikanescher Nationalgard sinn zu Washington ukomm an ëmkreesen de Kapitol an all aner Regierungsgebaier. All puer Meter steet ee vun hinnen, camoufléiert wéi am Krich, a mat Waffen am Grapp. Honnerte Waffe goufen ausgedeelt un Zaldoten, déi normalerweis just am Training a ganz sécher net an hirer Haaptstad esou Gewierer an d'Hand kréien.

Aus ville verschiddene Staate si si agereest, aus den Nopeschstaaten, mee och aus allen aneren Ecker vum Land. Et kéinten iwwer 20.000 Membere vun der Nationalgard um Dag vun der Vereedegung an der Stad stationéiert sinn.

Den FBI huet Indikatiounen, datt d'Gewalt vum leschte Mëttwoch vläicht just den Ufank sollt sinn. An den donkelen Ecker vum Internet gëtt fir nei Demonstratiounen opgeruff, déi Kéier mat Waffen, net nëmmen zu Washington, mee och an de 50 aneren Haaptstied vun de 50 amerikanesche Staaten. Do si Milizen derbäi, rassistesch Gruppen a Verschwörungstheoreetiker. Vill vun hinne gleewen der Fantasie, datt iergendwéi dach nach den Donald Trump fir en zweet Mandat vereedegt kéint ginn.

Preparatioune fir d'Vereedegung vum Joe Biden

Virum Kapitol, op der Wiss, déi och vun Dausende Manifestanten iwwerlaf gouf, do stinn elo e puer Rei Still. Déi mannst Leit kruten eng Invitatioun fir d'Zeremonie dëst Joer, a si musse wéinst der Corona-Pandemie wäit vunenee sëtzen.

Trotzdeem, d'Show selwer soll änlech wéi an anere Joren ausgesinn, op d'mannst op der Tribün. De ganzen National Mall, d'Esplanade, wou Millioune Leit eng Vereedegung vun engem amerikanesche President kënne suivéieren, deen ass zougespaart. Am Plaz vu Leit sinn do dëst Joer Fändele fir un d'Victimme vum Covid-19 ze erënneren. Och déi wäerte vun Zaldoten ëmkreest sinn. Ausnamezoustand an der amerikanescher Haaptstad.