Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Natioun a Migratioun zu Lëtzebuerg

Zäithistoriker

Natioun a Migratioun zu Lëtzebuerg

D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Nationalstaat hänkt enk mat Migratiounen zesummen. An zwar an duebeler Hisiicht, seet den Zäithistoriker Denis Scuto: als Realitéit an als Discours.

auto_stories

7 min

Denis Scuto

"Migratioun ass d'DNA vu Lëtzebuerg", sot den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana d'lescht Woch, wéi en d'Participante vun der 19. Internationaler Migratiounskonferenz begréisst huet. Zu Diddeleng am Stadhaus an am Kulturzenter opderschmelz hu ronn 100 Fuerscher a Fuerscherinnen aus Europa, Asien an Afrika iwwer Natioun a Migratioun diskutéiert. Ënner dem Titel: "Mapping the nation". Ronderëm d'Fro: Wat fir historesch an aktuell Zesummenhäng bestinn tëschent Nationalstaat, Globaliséierung a Migratioun, zum Beispill an de Beräicher Aarbechtsmigratioun, Famillenzesummeféierung an Asyl?

Ech sinn a mengem Bäitrag, "Making the nation and migration in Luxembourg" op den Zesummenhang tëschent Natioun a Migratioun an der Geschicht vum moderne Lëtzebuerger Nationalstaat agaangen. Aus zwou Perspektiven: Éischtens Migratioun als DNA vu Lëtzebuerg, also dës Natioun als Produit vun transregionalen an transnationale Migratiounsraim an zweetens d'Natioun als Brëll, als Observatiounsglas, duerch deen d'Migratioune gekuckt a beschriwwe goufen.

Ech hunn dräi verschidde Phasen ënnerscheet: 1. d'19. Joerhonnert bis 1914, 2. déi zwee Weltkricher an d'Tëschekrichszäit an 3. d'Zäit nom Zweete Weltkrich bis haut.

An der éischter Phas, op d'mannst bis an d'1870er Joren ass Lëtzebuerg virun allem en Auswanderungsland. Tëschent 1840 an 1890 wandere 70.000 Leit méi aus dem Land aus, wéi der an d'Land erakommen. Dat heescht net, e komplette Quatsch, deen ee leider ëmmer nach liest an héiert, datt 70.000 Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinne vun 1840 bis 1890 an d'USA ausgewandert sinn. An den USA liewen 1890 ongeféier 20.000 Lëtzebuerger (déi sech selwer iwwregens dacks net als Lëtzebuerger, mee als Däitsch, Belsch oder Hollänner definéieren). 40.000 Lëtzebuerger liewen deemools a Frankräich (déi annexéiert Lorraine net abegraff). A Frankräich wanderen déi meescht aus, Männer a Fraen, Handwierker, Aarbechter, Déngschtleit, eng traditionell Migratioun, déi scho virum 19. Joerhonnert präsent ass. Eng regional Emigratioun an déi ganz Grenzgéigend ass och scho laang eng Realitéit deemools, geneesou wéi eng Immigratioun aus de Grenzgebidder. Souguer Grenzgänger an déi zwou Richtunge gouf et, e Phenomen, deen duerch d'Eisebunn no 1859 nach verstäerkt gouf.

1914: Iwwer d'Hallschent Auslänner an der Industrie

Eng massiv intern Migratioun vu ländleche Géigenden an déi nei Industrieuertschafte kënnt dobäi vun deem Moment un, wou d'Schmelzen an d'Minne sech op d'Eisenäerz am Südweste vu Lëtzebuerg verlageren. Well d'Auswanderung, haaptsächlech wéi gesot no Frankräich an Amerika, bis 1914 weidergeet, muss mat der Entwécklung vun der Stolindustrie nieft interner a regionaler Immigratioun och op Migratioun vu méi wäit gesat ginn, aus der Ruhr, aus Schlesien, aus Italien, qualifizéiert an net qualifizéiert Aarbechtskräften. Iwwer d'Hallschent vum Personal an der Lëtzebuerger Industrie sinn 1914 Auslänner.

D'Welt erlieft deemools hir éischt Globaliséierung. Et ass d'Héichzäit vum fräien Handel mat wéineg oder kenge Restriktioune vu Migratioun duerch den Nationalstaat. Aarbechtsmigratioun gëtt net kontrolléiert. D'Päss tëschent Lëtzebuerg an den Nopeschlänner goufen an den 1860er Joren ofgeschaaft.

Wéi gëtt Migratioun am 19. Joerhonnert gekuckt? Vu datt mir net an enger nationalistescher, mee liberaler Gesellschaft liewen, gëtt och Migratioun net duerch national Kategorien interpretéiert, ginn Bevëlkerungsbeweegungen eraus an eran an Nationalstaaten als individuell Entscheedungen ugesinn, beaflosst duerch wirtschaftlech Opportunitéiten. De Lëtzebuerger Premierminister Paul Eyschen seet zum Beispill an der Chamber 1890 dat heiten, am Kader vun engem neie Gesetz zur Nationalitéit: "Il est évident aujourd'hui, où il y a de grandes facilités de relation entre les peuples, où un grand nombre de Luxembourgeois vont s'établir à l'étranger et reviennent plus tard dans leur pays d'origine, ou que des étrangers viennent chez nous travailler, faire fructifier leurs capitaux avec l'esprit de retour dans leur pays, il est évident, dis-je, que les questions de nationalité vont se présenter en ce moment tout autrement qu'au commencement ou au milieu du siècle."

Am beschte gëtt en Zitat vum Schrëftsteller René Engelmann dës Welt ouni restriktiv Migratiounspolitiken an hir Interpretatioun als Spigelbild dovun erëm. 1912 beschreift hien d'Emigratioun vu Lëtzebuerger aus der Siicht vun den ale Frae vu Veianen esou: "Die Jungen kommen und wachsen und gehen, nach Esch, nach Paris, nach Amerika. Als Tölpel fort, als große Herren zurück. Oder rennen sich draußen die Schädel ein." De Minett, Frankräich, Amerika, méiglech Etappen um Wee an eng Welt mat ville Méiglechkeeten an ouni Grenzen.

No 1914: Nationaliséierung vun der Gesellschaft

Dat ännert komplett no 1914 ënner dem Impakt vun der Nationaliséierung vun der Gesellschaft a protektionistescher Aarbechtsmaartpolitik, mee och dem Impakt vun zwee Kricher, souwéi der Entwécklung vum Sozialstaat an net zulescht vun der Demokratiséierung, déi nei Rechter bréngen, mee och Nationalismus fir déi Rechter, déi fir d'Nationalbierger reservéiert sinn, ze verteidegen. Hunn déi éischt Sozialversécherungen, déi de Paul Eyschen vun 1901 un aféiert nach keen Ënnerscheed gemaach tëschent Lëtzebuerger an Auslänner, esou ännert dat komplett no der Aféierung vum nationalen allgemenge Wahlrecht 1919. Nei sozial Rechter hänken elo mat der Nationalitéit zesummen. Fir a Lëtzebuerg an an déi aner Nationalstaaten era brauch een e Pass, respektiv e Pass an e Visa, mee och eng ministeriell Autorisatioun. Migrante ginn net méi als Mënschen, déi sech als fräi Bierger beweegen, ugesinn, mee als temporär Ersatzaarbechtskräften, déi ee rifft, wann ee si brauch an erausgeheit, wann ee si net méi brauch, wéi an Zäiten vu Wirtschaftskris. Zu Lëtzebuerg gëtt dat am beschten duerch d'Stolindustrie symboliséiert, an där no 1918 haaptsächlech déi däitsch Aarbechter, Beamten an Ingenieuren erausgeheit ginn, an déi bis an d'1960er Joren zu engem Quasimonopol fir Lëtzebuerger Aarbechter gëtt. Am restriktiivste gëtt d'Immigratiounspolitik awer nom Zweete Weltkrich.

D'Militariséierung vum Ëmgank mat Mënschen huet hir Spuren och hei hannerlooss. Mee wie vun Iech weess haut nach oder huet jee héieren, datt de Lëtzebuerger Staat opgrond vu Regierungsbestëmmunge vun 1947 temporär auslännesch Aarbechter d'office expulséiert huet, wann déi sech zu Lëtzebuerg bestuet hunn. Also och hir Fraen, déi eventuell als Lëtzebuergerinne gebuer goufen an duerch de Mariage Italienerin oder Däitsch gi waren. Nei Mënscherechter goufen zwar direkt nom Zweete Weltkrich an der Welt an an Europa proklaméiert a vu Lëtzebuerg ratifizéiert. An d'Realitéit ëmgesat goufe se awer fir Migranten eréischt vun den 1980er Joren un.

Discours vun "Überfremdung" kënnt op

Mat der Nationaliséierung vun der Gesellschaft verännert sech och de Bléck op d'Mënschen an d'Migranten. De Sproochgebrauch gëtt nationaliséiert, ethniziséiert, racialiséiert. A Lëtzebuerg an an den däitschsproochege Länner gëtt dat symboliséiert duerch den Discours vun der sougenannter "Überfremdung" vum Land duerch d'Auslänner, déi déi imaginéiert rassesch Rengheet vun der Bevëlkerung géife verdierwen an d'national Eenheet a Gefor bréngen. 1937 schreift de klerikalen Historiker Nicolas Margue dëst iwwer Immigratioun am Lëtzebuerger Schoulbuch fir d'Lyceën: "La crise économique qui, pendant une demi-douzaine d'années, depuis 1930, a fait souffrir toutes les classes de la société, a pu être atténuée grâce à la collaboration et à la bonne volonté de tous les facteurs compétents, grâce aussi à la possibilité d'évacuer un certain nombre d'étrangers dont la proportion, avant 1930, était vraiment devenue inquiétante. A un moment donné ils étaient plus d'un sixième de la population et constituaient dans leur composition hétérogène un réel danger pour le caractère luxembourgeois de notre peuple."

Dësen Discours aus der Tëschekrichszäit spigelt sech och deelweis erëm an den Aarbechte vun den Historiker, déi an den 1970er Joren d'Immigratioun erëmentdecken. Och an den éischten Interpretatioune vun engem Gilbert Trausch fanne mir als Matrix dat nationalistescht Bild vu Lëtzebuerg als Nationalstaat mat senger eegener stabeler, homogener Bevëlkerung vu Stacklëtzebuerger am Géigesaz zu mobillen, heterogene Migranten, déi um Rand vun der Gesellschaft géife liewen an zu enger Gefor fir d'national Identitéit ginn. An deenen Aarbechte goufe Migranten an national Këschte gesat, an et gouf eis erzielt, datt si a Wellen op Lëtzebuerg komm wieren, fir d'éischt eng däitsch Well vun den 1870er Joren, dann eng italienesch Well vun den 1890er a schliisslech eng portugisesch Well vun den 1960er Joren. Déi Migrante goufen doriwwer eraus definéiert als männlech Aarbechter, déi an der Haaptsaach Jonggesellen op der Wanderschaft waren. Weder den Zesummenhank tëschent Mobilitéit a Sesshaftginn, nach d'Präsenz vun Ufank u vu villen auslännesche Fraen an der Textilindustrie, an de Faïencerien, an der Landwirtschaft, an am Horesca-Beräich an d'Grënnung vu Famillen - dovunner ganz vill gemëschten - waren en Thema.

"We are all migrants now."

A wéi ass et haut an eiser globaliséierter Ekonomie an europäesch supranationaler Gesellschaft, an engem Land, an deem bal d'Hallschent vun der Bevëlkerung Net-Lëtzebuerger sinn, e Land, dat politesch vu Lëtzebuerger regéiert a wirtschaftlech vun enger internationaler Elite a globaliséierte Firmen beherrscht gëtt? Wat fir en historeschen Discours spigelt dës Realitéiten erëm? Dat erzielen ech Iech gär eng aner Kéier. À moins, datt Dir den neie Mythos gleeft, deen den Historiker Stuart Hall schonn 1989 esou resuméiert huet: "We are all migrants now."