Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ natur musée: "Mir wëllen op 75.000 Visiteure pro Joer hischaffen"

Muséeën

natur musée: "Mir wëllen op 75.000 Visiteure pro Joer hischaffen"

Den natur musée am Gronn huet zënter Enn Juni no 20 Joer eng nei permanent Ausstellung. Den Direkter Alain Faber hofft, datt déi réckleefeg Visiteurs-Zuelen doduerch nees an d'Luucht ginn.

auto_stories

2 min

An de leschte Joren ass d'Zuel vun de Visiteuren, déi an den natur musée kommen, zréckgaangen. Dat géif sech och doduerch erklären, datt déi viregt permanent Ausstellung no 20 Joer scho ville Leit bekannt war, esou den Alain Faber. Säi Musée hätt dofir "eppes Neies misse bréngen". Déi nei permanent Ausstellung soll de Leit elo duerch eng nei Opmaachung a méi aktuellen Themen "nees Loscht ginn, an de Gronn ze kommen".

Wat d'Visiteurszuelen ugeet, well de Muséesdirekter sech kee präziist Zil setzen. Et géing een awer probéieren nees ähnlech héich Zuelen z'erreechen, wéi Enn den 90er Joren: "An eise stäerkste Joren hate mir bis 75.000 Visiteuren, elo huet dat sech e bëssen erofgespillt, op 40 bis 45.000 Visiteuren pro Joer. (...) Mir probéieren erëm op déi Zuelen hinzeschaffen."

Der Fuerschung feelt et u Moyenen

Nieft den Ausstellunge gëtt am natur musée och Fuerschung bedriwwen. Den Haaptaccent géing dobäi op der "Lëtzebuerger Flora a Fauna" leien, esou den Alain Faber. De Musée hätt awer an dësem Beräich "sécherlech net" déi néideg Moyenen. D'Biodiversitéit an de Patrimoine naturel géingen duerch d'Wuesse vun der Bevëlkerung an d'Belaaschtung vun der Ëmwelt "ëmmer méi a Bedrängnis" geroden. Fir déi verschidde Planzen an Déiere besser kënnen ze protegéieren, wär et dofir ëmmer méi wichteg ze wëssen, wéi si op dës Aflëss vu bausse reagéieren.

Den Direkter vum natur musée seet awer, et wär haut méi schwéier, fir Doktoranden als Mataarbechter ze rekrutéieren, wéi nach virun e puer Joer: "Dat läit haaptsächlech dorun, datt d'Konkurrenz méi grouss ginn ass, an datt d'Konditioune geännert hunn, fir finanziell Ënnerstëtzung vu baussen ze kréien." Den natur musée hätt et dofir méi schwéier, fir vill eege Fuerschungsprojete kënnen ze realiséieren. Fir d'Recherche weider ze developpéieren, misst säi Musée dofir elo no "neie Weeër" sichen, esou den Alain Faber.