Radioen

On air

Notturno  |  Anna Mieke - Twin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asselborn: "Mir sinn net d'Parlament"

EU-RUSSLAND

Asselborn: "Mir sinn net d'Parlament"

D'EU-Aussemminister fuerderen, datt de russeschen Oppositiounsleader Alexej Nawalny muss fräigelooss ginn a verurteelen och d'Arrestatioun vun Dausende vun Demonstranten. Sanktiounen awer, wéi se d'Europaparlament verlaangt, si keng virgesinn.

auto_stories

3 min

D'EU-Ausseminister fuerderen, datt de russeschen Oppositiounsleader Alexej Nawalny muss fräigelooss ginn a verurteelen och d'Arrestatioun vun Dausende vun Demonstranten. Sanktiounen awer, wéi se d'Europaparlament verlaangt, si keng virgesinn.

Virun der Reunioun vun den EU-Ausseministeren e Méindeg zu Bréissel huet de Vertrieder aus Litaue kee Blat virun de Mond geholl: "D'EU mussen ee klore Message schécken, datt dat doten net akzeptabel ass", esou de Gabrielius Landsbergis. D'Europäesch Unioun hätt een effikasse Sanktiounsregime an dee sollt hei an den Asaz kommen.

Et si virun allem osteuropäesch Länner, déi méi kritesch mam russesche Regime ëmginn. "Mir mussen iwwer Sanktioune schwätzen", esou och de rumäneschen Ausseminister Bodgan Aurescu virun der Reunioun.

Borrell reest mat EU-Message op Moskau

Anerer awer hu virun allem souwuel d'Inhaftéierung vum Alexej Nawalny wéi och den Ëmgank mat Demonstrante schaarf verurteelt.

"Wann een a senger Verfassung stoen huet, datt een eng rechtsstaatlech Demokratie ass, da muss ee sech och esou verhalen", seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Dee Message misst een och op Moskau schécken.

Eng richteg Diskussioun iwwer Sanktiounen hunn d'EU-Ausseministeren en Méindeg net gefouert. "Verschiddener hunn et ugeschwat, mee et louch keng konkret Propositioun um Dësch", sot no der Reunioun den EU-Chefdiplomat, de Josep Borrell.

De Conseil wier prett Mesuren ze huelen, elo soll awer d'éischt matenee geschwat ginn, erkläert de Jean Asselborn.

"Mir hunn aner Strategie ageschloen an dat ass och déi richteg. De Josep Borell fiert Uganks Februar op Moskau, deelt dem russeschem Ausseminister Lawrov d'EU-Positioun mat a kuckt natierlech och, d'Positioun vun der EU an d'Ëffentlechkeet a Russland ze bréngen."

Dono géif dann nei evaluéiert, ob eventuell Sanktiounen ubruecht wieren, sou déi éischter vage Konklusioun, déi op där Reunioun gezu gouf.

Europaparlament fuerdert Sanktioune géint responsabel Persounen

D'Europaparlament ass do anerer Meenung.

Schonn déi lescht Woch, also virun de Manifestatiounen a virun den Arrestatioune vun iwwer 3.000 Demonstranten hat d'Parlament weider restriktiv Mesure verlaangt.

Et sollte geziilt Sanktioune verhaange ginn, géint Leit, déi eppes mat der Arrestatioun vum Alexej Nawalny ze dinn hunn. Dobäi sollt ee sech ob deen eréischt vru kuerzem agefouerte Sanktiounsregime bei Verstéiss géint Mënscherechter declenchéieren.

D'Resolutioun gouf mat enger grousser Majoritéit vu 581 Stëmmen ugeholl, dergéint ware just 50 Europadeputéiert, 44 hu sech enthalen.

D'Ministeren hunn dorop net gelauschtert. "Mir si net d'Parlament*, seet dozou de Jean Asselborn.

"Mir si Vertrieder vun der Regieurung, mir mussen dat maachen, wat eis zu engem Zil feiert, nämlech datt Russland agesäit, datt een der Demokratie muss fräie Laf loossen. Do gëtt et verschidde Methoden: déi, déi d'Parlamenter aschloen an déi, déi d'Regierunge oder de Conseil vun der Europäescher Unioun aschloen."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.