Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Left Tokyo Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nee, d'NUPES ass net esou radikal wéi den RN

Chronik

Nee, d'NUPES ass net esou radikal wéi den RN

Am éischten Tour vun de Parlamentswalen huet dat lénkt Bündnis NUPES déi meeschte Stëmme gesammelt. Trotzdeem huet d'Gauche dëse Sonndeg kaum Aussiichten op d'Majoritéit an der Assemblée Nationale. Mee och fir de Staatschef Macron gëtt et knapp fir seng absolut Majoritéit. An der Hoffnung méiglechst vill Walkreesser ze gewannen, ruffen dem Macron seng Kandidaten zum Front Républicain géint d'NUPES op, esou wéi an der Stéchwal géint d'Marine Le Pen. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn fënnt dat irresponsabel.

auto_stories

3 min

Den Owend vu senger Victoire huet den Emmanuel Macron senger lénker Wielerschaft Merci gesot. Merci, datt Milliounen u Wielerinnen a Wieler him am zweeten Tour hir Stëmm ginn hunn, fir datt déi rietsextrem Spëtzekandidatin Marine Le Pen net an den Elysee kënnt.

Knapps zwee Méint drop rifft dem Macron seng Partei zum Front Républicain géint déi nämmlecht Wielerschaft op. Et kléngt no engem schlechte Witz.

Dat lénkt Bündnis vu Kommunisten, Sozialisten, Gréng an der France Insoumise kann een net op den nämmlechten Nenner setze wéi de rietsextreme Rassemblement National, eleng aus historesche Grënn. De Front National war zanter senger Grënnung 1972 e Sammelsurium un Holocaust-Leegner an Nostalgiker vum Empire Collonial. D'Xenophobie an den Antisemitismus ass an der DNA vum Rassemblement National, och wann d'Marine Le Pen an de leschte fënnef Joer hiert Bild staark verbessert huet.

E geféiertlecht Spill

Certes, dem Jean-Luc Mélenchon seng France Insoumise huet och dubiéis Gestalten a senge Reie sëtzen. Si stellen d'Laïzitéit vum franséische Staat a Fro oder droe mat engem Austrëtt aus der NATO oder der EU. Mee trotzdeem sinn dat Sujeten, déi oppen zu Debatt sti sollen an déi een och inhaltlech widderleeë kënne muss. Dat schéngt awer fir dem franséische President a senge Kandidaten ze ustrengend ze sinn.

Déi politesch Landschaft a Frankräich huet eng W-Form: den Emmanuel Macron a seng Partei aus gemäässegte Politiker an der Mëtt, a lénks a riets vun him d'Extremisten. D'Oppositioun kritt automatesch hir Legitimitéit ofgesprach. Zum Beispill behaapt déi nei Ëmweltministesch Amélie de Montchalin, d'Lénks-Extremiste wiere fir d'Republik genee sou geféierlech wei d'Rietsextremisten. Falls si an hirem Walkrees verléiert, muss sie demissionéieren. Fir besser Gewënnchancen ze hunn, werft si hirem grénge Konkurrent Jerome Guedj Antisemitismus vir. Dobäi ass hie selwer an engem jüddeschen Haushalt opgewuess.

Fatal Auswierkungen op déi ëffentlech Debatt

Populismus, Anti-Republikanismus an Antisemitismus si Bezeechnungen, déi nëmmen an Extremsituatioune benotzt solle ginn, fir datt se hir politesch Aussokraaft net verléieren. Ma wéi e pavlovesche Reflex bezitt sech dem Emmnauel Macron seng Regierung op dëst Begrëffer, mat fatalen Auswierkungen op d'ëffentlech Debatt.

Dem Emmanuel Macron säi Regierungsstil verléiert doduerch och u Signifikanz. Seng Parteie kréien apolitesch Nimm, déi no Parfums-Fragrance kléngen: Renaissance, Horizon, Ensemble - eidel Wuerthülsen, mat deem sech jiddwereen identifizéiere kann, awer politesch näischt aussoen.

Déi politesch Landschaft riskéiert méi extrem ze ginn

Vun 61 Walkreesser, an deenen de Sonndeg d'Gauche géint de Rassemblement National untrëtt, ruffen nëmme sechs Kandidate vum Emmanuel Macron hier Wielerschaft dozou op, lénks ze wielen. Dat ass irresponsabel, vu datt d'Rietsextremiste knapp virdru sinn, en neie Rekord opzestellen an an der Assemblée Nationale ëmmer méi nei Sëtz bäigewannen.

"Front Républicain soulaang et mech arrangéiert", dat ass dem Emmanuel Macron seng Devise. An d'Konsequenzen ass d'Extremiséierung vun der politescher Landschaft.