Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Bullett Proof

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nee zum Peage op der A31

Traffic

Nee zum Peage op der A31

Wëllt déi franséisch Regierung ee Peage tëscht Diddenuewen an der Lëtzebuerger Grenz op der Autobunn A31 aféieren? De franséischen Orientéierungsrot, deen d'Transportinfrastrukturen a Frankräich ënner d'Lupp geholl huet, proposéiert a sengem Rapport sou ee Peage fir d'Aarbechten ze finanzéieren. Eng franséisch Associatioun wiert sech dogéint.

auto_stories

2 min

De Philippe Duron, President vun deem Rot, schreift a sengem Spezialrapport, datt d'Verbreedung vum Tronçon tëscht Diddenuewen a Lëtzebuerg op zwee mol dräi Spueren, séier misst realiséiert ginn. Géint sou ee Peage protestéiert d'Associatioun Non au Péage sur l'A31 au Nord-Mosellan (NAPA31NM). Ee Peage géif de Verkéier verlageren, seet de Jean-Marie Cridel, President vun dëser Associatioun a fréiere Buergermeeschter vun Entrange. Déi franséisch Gemengen aus der Moselle géifen an deem Fall ënner deem Verkéier leiden. Schonn elo géif ee gesinn, datt d'Automobiliste Schläichweeër benotzen, wann et op der Autobunn tëscht Diddenuewen a Lëtzebuerg Problemer gëtt. Op engem normalen Dag fuere ronn 3.000 Autoen duerch d'Gemeng Entrange, seet de Jean-Marie Cridel. Wann et op der Autobunn Problemer gëtt, da klëmmt déi Zuel op 13.000 den Dag.

Petitioun géint de Peage

D'Associatioun, déi géint d'Aféiere vun engem Peage tëscht Diddenuewen a Lëtzebuerg plädéiert, huet eng Petitioun lancéiert, déi och vun de Gemengen aus der Moselle ënnerstëtzt gëtt. Iwwer Flyer, déi op de Parkingen an der Regioun verdeelt ginn, versicht d'Associatioun d'Automobilisten z'informéieren an ze mobiliséieren.

Vill Leit a Frontaliere géifen awer mengen, datt et sech beim Projet vun der Autobunn A31 Bis, ëm eng ganz nei Autobunn handelt. Et geet awer just ëm eng Verbreedung vun der aktueller franséischer Autobunn A31. Um Niveau vun Diddenuewen gëtt ee Contournement geplangt, an déi aktuell Autobunn gëtt vun do aus bis op d'Lëtzebuerger Grenz op zwee Mol dräi Spueren ausgebaut.


Jean-Marie Cridel:

Lauschterenplay_arrow