D'EU huet scho kleng "Battlegroups", Kampfunitéiten, déi ofwiesselend vu verschiddenen EU-Länner zur Verfügung gestallt ginn. Déi koumen awer nach ni zum Asaz.
"Et geet net ëm Truppe mee em de politesche Wëllen", sot dowéinst de lettesche Verdeedegungsminister Artis Pabriks.
Den Asaz an Afghanistan schéngt dee Wëllen ze stäerken. Fir de François Bausch huet en och gewisen, datt d'EU a militäresche Froen immens ofhängeg vun den USA ass.
Lëtzebuerg gehéiert zu deene 14 EU-Länner, déi sech schonn am Mee fir eng eegen EU-Interventiounstrupp ausgeschwat hunn. D'Gespréicher doriwwer lafe scho laang, operationell stelle sech nach vill Froen, gëtt de François Bausch zou.
"Éischtens firwat en do ass, wien e kommandéiert, wien d'Objektiver fixéiert, wien dono um Terrain de Lead huet. Wann dat drop erausleeft, datt 27 EU-Länner eenzel mussen de Go ginn, da kënne mer dat vergiessen, dann ass dat naiv, da wäert dat ni funktionéieren."
Lëtzebuerg kéint nëmmen am Bündnis mat aneren eng seriö Verdeedegungspolitik maachen an hätt all Interêt sech esou enger Initiativ unzeschléissen. D'Skepsis vu verschiddenen aneren EU-Länner wier am gaangen ofzehuelen, sou de Grénge Politiker. Et wier domat ze rechnen, datt sech d'USA an Zukunft manner an där international Communautéit engagéieren.
"Dofir sinn och déi osteuropäesch Länner awer ëmmer méi gezwongen, op d'EU zeréckzegräifen."
D'EU schafft un engem "strategesche Kompass", dee soll déi grouss Linnen definéieren a spéitstens am November adoptéiert ginn.