Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Aarbechtsformen an nei Forme vu Kontrakter

Handwierk

Nei Aarbechtsformen an nei Forme vu Kontrakter

De Congé parental an aner Mesurë sinn Ausdrock vun enger gesellschaftlecher Entwécklung déi wëllt, datt et méi einfach gëtt, Privat- a Beruffsliewen ënner een Hutt ze bréngen. Dat wier eng Realitéit, an déi géif haut och kee Betrib a Fro stellen, seet de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun.

auto_stories

2 min

Nach missten d'Betriber awer d'Méiglechkeet kréien, d'Feelzäiten, déi duerch déi Congéen entstinn, opzefänken. An do géif et mat "e bësse méi Flexibilitéit bei den Iwwerstonnen" net duergoen. De Romain Schmit wënscht sech eng Diskussioun iwwer nei Aarbechtsformen an nei Forme vu Kontrakter:

"Do musse mir schwätzen iwwer nei Forme vu Kontrakt, do musse mir schwätze vun neie Méiglechkeete vu Limitten, déi mussen ewechfueren am CDD, am Intérimaire, am Prêt temporaire de main d'oeuvre. Mir brauchen nei Aarbechtsformen: Pooling, datt e puer Patrone sech ee Salarié kënnen deelen, datt awer och deen ee Betrib deem anere Betrib relativ liicht a formlos Aarbechtskräfte kann ausléinen, fir sech ebe géigesäiteg kënnen ze hëllefen. Och mat qualifizéiertem Personal. Well wann ech dann héieren: 'Oh, et ass jo awer wierklech net schlëmm, dann engagéier ebe fir sechs Méint en aneren, et sinn der jo genuch op der ADEM.' Je vous mets au défi, op der ADEM en Handwierker ze fannen: Do ass keen!"

Esou eng Diskussioun kéint awer net am Kader vun enger nationaler Tripartite geféiert ginn, si géif an d'Betriber gehéieren, well et keng allgemeng Léisunge ginn, déi an all Secteur bei Entreprisë vun egal wéi enger Gréisst gräifen, sou de Romain Schmit.

Beruffsausbildung: Eng Katastroph

Déi initial Beruffsausbildung hei am Land wier eng Katastroph, seet d'Fédération des artisans: déi Jonk géifen net an d'Handwierk orientéiert ginn, well si manuell Fäegkeeten hunn, mee well dat dacks déi lescht Léisung wär, fir datt si awer nach en Diplom kënne kréien.

Dobäi géifen d'Léierpläng laanscht d'Besoine vun den Entreprisë goen. Dem Romain Schmit no géif do net genuch op d'Handwierker-Federatioun gelauschtert ginn, wat hir Besoine sinn.

Koalitiounsgespréicher als Chance

Sou wéi vill aner Interesseverbänn ass och d'Fédération des artisans während de Koalitiounsverhandlunge mat hiren Doleancen an d'Ëffentlechkeet gaangen. D'Parteie géifen zwar souwisou nëmmen iwwer hir Memberen d'Oueren opmaachen, mee et wier ëmmer e gudde Moment, fir Fuerderungen ze stellen, mengt de Romain Schmit.

Verschidde Politiker wieren zwar vill mat de Koalitiounsgespréicher beschäftegt, mee "ech menge schonn, datt et gutt ass, nach eng Kéier verschidde Messagen eventuell och e bësse pointéiert eriwwer ze brénge fir datt gelauschtert gëtt an datt och kann intern awer nach eng Kéier op der leschter Ligne droite gekuckt gi fir net ze vill Saache futti ze schloen."