Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Aarbechtsplazen a Finanzinstituter fir Lëtzebuerg

Brexit

Nei Aarbechtsplazen a Finanzinstituter fir Lëtzebuerg

Schonn am Hierscht 2017 hat den Nicolas Mackel d'Zuel vun 3.000 Aarbechtsplaze genannt, déi wéinst dem geplangten EU-Austrëtt vu Groussbritannien am Lëtzebuerger Finanzsecteur kéinte geschafe ginn. Den Direkter vu Luxembourg for Finance hat deemools vun enger "realistescher Schätzung" geschwat.

auto_stories

3 min

Dës Zuel vun neie Plazen hei am Land bis Enn 2019 wier nach ëmmer aktuell, seet elo den Nicolas Mackel. Et dierft een awer net vergiessen, datt ee groussen Deel vun dësen Aarbechtsplazen awer fir Leit geschafe géif ginn, déi schonn zu Lëtzebuerg sinn.

Wéi vill Firme kommen op Lëtzebuerg?

D'Zuel vu bal 50 Entreprisen aus dem Finanzsecteur, déi wéinst dem Brexit mat Aktivitéiten op Lëtzebuerg kommen, géif op enger Lëscht vun Deklaratioune vun den Acteure selwer oder an de Medie baséieren, erkläert den Nicolas Mackel. Doriwwer eraus géifen et eng 80 Firme ginn, déi un enger Lëtzebuerger Léisung schaffen. Et géif hei nach keng präzis Lëscht ginn, "dat kënnen der duerno 75 sinn, dat kënnen der 90 sinn", erkläert de Nicolas Mackel.

Déi Entreprisen, déi aus Groussbritannien op Lëtzebuerg kommen an dat scho confirméiert hunn, wieren der virun allem aus deene Beräicher, an deenen et scho vill Aktivitéiten hei am Land ginn. Den Nicolas Mackel nennt hei d'Beispill vu Fongen, private Bankaktivitéiten, mee och den Assurancësecteur an de Secteur vum Fintech.

Bankesecteur ass op en "haarde Brexit" virbereet

Gutt siwe Woche virum geplangten Austrëttsdatum vu Groussbritannien betount den Direkter vun der Banken- a Banquiersvereenegung ABBL, de Serge De Cillia, datt de Lëtzebuerger Bankesecteur sech vun Ufank un och op de Zeenario vun engem "haarde Brexit" preparéiert hätt.

"Déi Preparative sinn an der Reegel vun de Maison Mère gesteiert. Mir hunn zu Lëtzebuerg jo an der Reegel Filiale vu grousse Gruppen, an déi sinn dann an deem globalen Dispositif matagebonnen. Do gëllt et sécher ze stellen, datt den Operationell gutt funktionéiert, d. h. d'Systemer iwwer déi Deadlinë funktionéieren an och ze kucken, datt d'Clientë weiderhi vu Lëtzebuerg aus kënnen zerwéiert ginn."

De Lëtzebuerger Bankesecteur hätt e wéineg méi Kloerheet kritt, ënner anerem wéinst de Präzisioune vun der EU-Kommissioun zu den technesche Mesurë fir d'Zäit no Enn Mäerz. Och de Gesetzesprojet hei am Land mat geplangte Mesurë fir de Finanzsecteur géif hëllefen, esou den ABBL-Direkter. Dëse Projet war en Donneschdeg deposéiert ginn. Dëse Projet de loi misst elo ëmgesat ginn, esou datt de Secteur eng méi grouss Planungssécherheet hätt, esou de Serge De Cillia.

D'Zukunft vun de Britten am Land

Een anere wichtege Punkt am Kontext Brexit ass der ABBL no dee vun de Britten, déi hei am Land schaffen. Et wier wichteg dëst esou séier wéi méiglech ze regulariséieren, sou "datt hir Relatioun mat hirer Firma, mat hirem Employeur séchergestallt ass", ënnersträicht de Serge De Cillia.

Eng Rei Clienten, déi absolut kee Risiko hätte wëllen huelen, hätten direkt nom britesche Referendum 2016 decidéiert, hir Konten zu London zouzemaachen a se op den europäesche Kontinent ze transferéieren, esou de Serge De Cillia: "Där hu mir der och eng ganz Partie op Lëtzebuerg kritt an déi sinn dann iwwerhaapt net concernéiert vum Brexit, also en Non-event fir déi Clienten, déi sinn op där sécherer Säit."