Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Aarbechstzäitmodeller

Etat de la nation

Nei Aarbechstzäitmodeller

D'Iddi vun engem Kader fir d'Flexibilitéit vun den Aarbechtszäite weider auszebauen, gesäit d'Patronat éischter skeptesch. D'Regierung hätt déi Dier selwer zougemaach, seet d'Union des entreprises.

auto_stories

2 min

D'Stéchwuert heescht: Recht op Deelzäitaarbecht. D'Corinne Cahen (DP) rappelléiert ee Resultat vun enger rezenter Ëmfro iwwer de Congé parental: Déi hat erginn, datt vill Elteren sech kéinte virstellen och no deem Congé, beispillsweis nëmmen nach 80 Prozent ze schaffen. Déi Decisioun mam Patron ëmzesetze wier awer net ëmmer evident. seet d'Familljeministesch.

De Gesetzgeber respektiv déi eenzel Parteie misste sech Gedanke maachen, wéi ee gesetzleche Kader ee sech kéint ginn, fir de Leit en eventuellt Recht op Deelzäit ze garantéieren.Awer och d'Betriber solle Garantië kréien, sou d'Corinne Cahen. Et wéilt een hinne méi Flexibilitéit an der Organisatioun vun den Aarbechtszäite ginn.

An de Betriber diskutéieren

Wéi ee gesetzleche Kader an déi eenzel Garantie konkret kéint ausgesinn - do verweist d'Corinne Cahen op d'Parteien an hir Wahlprogrammer. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP), seet Accorden iwwer d'Flexibilitéit vun Aarbechtszäite missten an de Betriber fonnt ginn. Et wier à priori net um Legislateur, fir sou Zäitmodeller z'entwerfen, mee dat misst an de Betriber selwer diskutéiert ginn.

Detailer misste studéiert ginn, sou nach den Nicolas Schmit. Hie wier awer grondsätzlech averstan mat der Iddi fir méi Flexibilitéit tëscht Aarbecht a Famill ze schafen.

Patronat an Handwierkerfederatioun skeptesch

Och beim Patronat ass een dofir prinzipiell op, och wann de Sujet fir d'Betriber eng grouss Erausfuerderung wier, sou de Romain Schmit. Den Direkter vun der Handwierkerfederatioun gleeft awer net, datt d'Annonce vum Xavier Bettel Realitéit gëtt. Et géif een zanter 20 Joer mat de Gewerkschafte probéieren eng Léisung ze fannen, mee et hätt een nach keng fonnt.

D'Flexibilitéit, wéi d'Gewerkschaften se verstinn, géife finanziell Abousse fir d'Betriber bedeiten. Och de Jean-Jacques Rommes vun der UEL gleeft net drun, datt méi Flexibilitéit mat blo-rout-gréng machbar ass. D'Regierung hätt déi Optioun duerch d'Reform vum PAN-Gesetz iwwer d'Aarbechtszäit selwer aus dem Wee geraumt. D'Regierung hätt d'Propose vun de Gewerkschaften ëmgesat, an domat d'Flexibiliséierung verhënnert. Vun de Gewerkschafte konnte mir keng Reaktioun zum Thema kréien.


D'Christiane Kleer am Panorama, de 25. Abrëll um 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow