Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Azymuth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Friddensorganisatioun

Politik a Gesellschaft

Eng nei Friddensorganisatioun

De 7. Juli gouf déi nei Lëtzebuerger Asbl "Pour la Paix et Contre la Guerre" offiziell agedroen. Et wier eng ONG, déi sech fir de Fridde asetzt, seet hire President Claude Pantaleoni. Zil wier et, fir Leit a Krichsgebidder ze hëllefen, awer och hei am Land op d'Problemer opmierksam ze maachen. Tatsächlech bestéing e reelle Besoin fir esou eng Initiativ.

auto_stories

3 min

Hien hätt festgestallt, datt et an der Groussregioun net genuch Associatioune géif ginn, déi sech explizit mat der Fro vum Krich a vum Fridden an Europa géifen ausernee setzen, seet de President vun där neier Organisatioun Claude Pantaleoni.

Effektiv géif et den Ament militäresch Konflikter an der Ukrain ginn, awer och a Jordanien, oder tëscht Serbien an dem Kosovo, mee kaum ee géif dee Sujet hei am Land thematiséieren.

"Mat Experten zesummeschaffen"

D'Asbl "Pour la Paix et Contre la Guerre" ass aus enger privater Initiative eraus entstanen, gedroe vun enger Handvoll Fräiwëllegen. Et hätt een dat ganz offizialiséiert, mat dräi Ziler am Kapp: Éischtens wéilt een deene concernéierte Leit a Krichsgebidder hëllefen. Zweetens wéilt en zu der Friddens-Kultur an Europa bäidroen, andeems een d'Fro vum Krich an der Konfliktbewältegung méi an de Medien thematiséiert.

Zu gudder Lescht wëllt déi nei Organisatioun awer och Experten, déi sech mat deem Sujet beschäftegen, eng Plattform bidden, fir un d'Politik an un d'Ëffentlechkeet erunzetrieden, fir no neien Ausweeër aus dem Krich ze sichen. Dat géif et bis elo nämlech nach net ginn, sou de Claude Pantaleoni.

"Mir stelle fest, datt mir, wéi am leschte Joerhonnert, et net fäerdeg brénge Konflikter a militäresch Konflikter bannent kuerzer Zäit ze léisen, haut an Europa. An dat ass fir eis net am Sënn vum Fortschrëtt."

Et géif vill Experten ginn, beispillsweis op Unien, déi an Analysen an Etuden no Ausweeër aus dem Krich géife sichen. D'Politik misst deene Leit nolauschteren, amplaz ëmmer no deem selwechte Muster ze probéieren, eng Konfliktsituatioun ze léisen an awer keng ze fannen.

Weider misst och an de Schoulen d'Bewosstsinn fir d'Situatioun an deene concernéierte Länner stäerken. Dat géif haut nach vill ze wéineg gemaach ginn.

Punktuell Hëllef an der Ukrain

D'Asbl "Pour la Paix et Contre la Guerre" leescht den Ament konkret Hëllef an der Ukrain. Si betreit do 40 Familljen, déi virum Krich geflücht sinn. Si hätten an der fräier Ukrain keng Aarbecht a kéinten sech an der Konsequenz och keen Dag iwwert dem Kapp, oder genuch z'iesse leeschten.

Offiziell wier d'Ukrain net am Krich mat Russland, sou datt déi Leit déi aus dem Land géife flüchten, kee Recht drop hätten, Asyl unzefroen. Heefeg géifen d'Leit da bannent dem Land flüchten, mee géifen doduerch hir ganz Existenz verléieren. D'Organisatioun sammelt dofir Spenden a steet an direktem Kontakt mat deene Betraffenen. Esou kéint een dann och suivéieren, wou d'Sue géifen agesat ginn.

Niddereg administrativ Käschten

Weider géif och bal de ganze Budget an d'Hëllefsleeschtungen investéiert ginn. Nëmmen e minimale Betrag géif gebraucht ginn, fir déi administrativ Käschten ze decken. Bei groussen Associatioune géif heefeg e grousse Prozentsaz vun all deene Suen, déi erakéimen, benotzt ginn, fir d'Fraisen ze bezuelen.

Fir Donen ze sammelen organiséiert d'Asbl "Pour la Paix et Contre la Guerre" de 27. September e Concert de Bienfaisance am Escher Jongelycée. Do temoignéiert ënnert anerem och e jonkt Meedchen, wat virum Krich an der Ukrain geflücht ass.

Claude Pantaleoniplay_arrow