Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Khruangbin & Leon Bridges - Texas Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nei Circulaire hënnert Konzerner net u Steiervermeidung"

Steierpolitik

"Nei Circulaire hënnert Konzerner net u Steiervermeidung"

Déi Lëtzebuerger Steierverwaltung applizéiert vun haut un nei Regele bei der Besteierung vun Transaktiounen tëschent Konzernfilialen. Déi deementspriechend Circulaire soll den internationalen Norme Rechnung droen. Soulaang d’Steierrulingen an d’Deklaratioun vun de Benefisser fir all Land net verëffentlecht ginn, kënne Praktike fir Steieren ze vermeiden net efficace bekämpft ginn, seet de Jean-Sébastien Zippert vum Solidaritéitscomité fir déi Ugekloten am Luxleaks-Prozess.

auto_stories

3 min

Interview Jean-Sébastien Zippertplay_arrow

Konzernfiliale gi vun haut un zu Lëtzebuerg wéi onofhängeg Gesellschafte betruecht bei der Besteierung vun de “prix de transfert”, déi sech aus Finanztransaktioune bannent engem selwechte Grupp erginn. Um Niveau vun der OECD ass dëse Prinzip vun der “pleine concurrence” als Norm decidéiert ginn. Eng nei Circulaire vun der Steierverwaltung, déi - dem Finanzministère no – mat der EU-Kommissioun ofgeschwat wier, soll dësen internationale Regele Rechnung droen.

“Et ass schonn e Fortschrëtt. Allerdéngs ännert dat näischt un deenen anere Praktike vu Steiervermeidung vun de multinationale Gesellschaften”, sot de Jean-Sébastien Zippert am 100,7-Interview.

"Konzerner komme weiderhi laanscht d'Steieren"

De Spriecher vum Solidaritéitscomité fir déi Ugekloten am Luxleaks-Prozess nennt ënnert anerem déi kënschtlech Ënnerkapitaliséierung vun Entreprisen a Staate mat “normaler” Besteierung. Doduerch kéinten dës Entreprisen op steierlech gënschteg Prêten zeréckgräifen. Een anert Beispill wier den “arbitrage artificiel”: ee kënschtleche Litige tëschent zwou Entreprise gëtt zugonschte vun enger drëtter Gesellschaft, déi an engem Staat mat niddreger Besteierung sëtzt, entscheet.

“D’Circulaire begënschtegt dogéint Auditsgesellschaften a Fiduciairen, déi hire Clienten nach méi Rotschléi kënne verkafen, wéi se de Steieren aus de Féiss kënne kommen”, sou den Aktivist Jean-Sébastien Zippert.

"Steierrulingen a Benefisser fir all Land eenzel musse verëffentlecht ginn"

Hätte mat der neier Circulaire vun der Steierverwaltung Abuse kéinte verhënnert ginn, déi duerch d’Affär Luxleaks un d’Dagesliicht komm sinn? “Et däerf een sech net op d’prix de transfert fokaliséieren. Dat ass net de Fong vum Problem”, sou de Zippert. D’Steiervermeidung vu Konzerner kéint een nëmmen efficace bekämpfen andeems een hir Steierarrangementer mat Verwaltungen an och hir deklaréiert Beneficer fir all Land verëffentlecht. Lëtzebuerg huet sech jo viru kuerzem géint d’Verëffentlechung vum “country by country reporting” ausgeschwat.

Den Austäusch vun Informatiounen tëschent de betraffene Steierverwaltunge géif net duer goen, mengt de Jean-Sébastien Zippert. Dacks hätten dës Verwaltungen net dat néidegt Personal, fir serieux mat dësen Donnéeën ze schaffen. Am schlëmmste Fall léich hinne wéineg um Interessi vun der Allgemengheet. “Et weess een, datt a Frankräich verschidden héich Beamte progressistesch Steierpolitike sabotéieren a systematesch de Steierbedruch vun hire Kollegen ënnerstëtzen”. Den Aktivist verweist op de Phenomen vun de “revolving doors”. Gemengt sinn domat all déi Staatsbeamten, déi an d’Privatwirtschaft op gutt bezuelten Aarbechtsplaze wiesselen.