Radioen

On air

Notturno  |  C'est Karma - Post (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Erausfuerderunge fir den Déiereschutz

Landwirtschaft

Nei Erausfuerderunge fir den Déiereschutz

Den Déiereschutz ass an Evolutioun an en neit Déiereschutzgesetz um Instanzewee. Duerch déi modern an ëmmer grouss Déierenhaltung ass den Déiereschutz mat neien Erausfuerderunge konfrontéiert. Och d'Konsumenten hunn duerch hire Choix en Afloss op d'Déierenhaltung.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock

Mam Gesetzprojet vum neien Déiereschutz soll d'Dignitéit, de Schutz, d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vum Déier besser respektéiert ginn. Mee wat bedeit dat fir Notzdéieren? "Eng Chance fir d'Landwirtschaft" war de 26. Oktober eng Konferenz vun der Grénger Stëftung - eng asbl vun déi gréng - iwwerschriwwen, bei där dës Fro diskutéiert gouf. Zënter gutt 15 Joer ginn et europäesch Reglementer, déi d'Haltungsbedéngunge vun den Notzdéiere regelen, huet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen bei där Geleeënheet betount. Dës Reglementer géife fir all d'Baueren an der EU gëllen.

Wéilt een zu Lëtzebuerg d'Standarden an d'Luucht setzen, da géifen och d'Produktiounskäschte klammen, esou de Jérôme Reuter vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer. D'Betriber géifen nëmmen da matzéien, wa si um Enn méi erauskréichen. "Dat ass de Wee fir unzesetzen, fir Haltungsbedéngungen ze verbesseren oder z'änneren." Geféierlech géif et nämlech da ginn, wa sech d'Prozedure fir e landwirtschaftleche Betrib net géife rentéieren, warnt den Jérôme Reuter. Da géif d'Produktioun nämlech an en anert Land verlagert ginn, "wou knapps d'Mënscherechter respektéiert ginn. An da gesäit et fir d'Rechter vun den Déiere ganz schwiereg aus."

"D'Konsumenten hu Pouvoir"

Déi méi héich Oploe missten also kompenséiert ginn. Zum Beispill duerch e Fong, wéi dat déi däitsch "Initiative Tierwohl" virschléit. D'Sonja Thill, Veterinärin an Ingenieurin fir Agrikultur an Ëmwelt betount, datt d'Supermarchéen d'Verbesserungen an der Déierenhaltung misste matdroen.

Och d'Konsumente spillen eng wichteg Roll: Si decidéiere sech am Buttek fir dee méi bëllegen oder dee méi deiere Produit. Fir d’Rachel Reckinger, déi an dësem Beräich op der Uni Lëtzebuerg fuerscht, huet d'Zivilgesellschaft gewësse Méiglechkeeten, déi landwirtschaftlech Methoden an domat d’Déierewuel an eng bestëmmte Richtung ze dirigéieren - och wann dee Pouvoir net esou grouss wier, wéi dee vun den Instanzen, déi kënne "Richtlinnen a Gesetzer erausginn, déi bestëmmte Praktiken erlaben an anerer eben net."

D'Chercheuse betount, d'Konsumenten sollten hir Iessgewunnechten iwwerdenken. Ronn 10 Prozent vun hirem Revenue géifen d'Lëtzebuerger am Duerchschnëtt fir d'Liewensmëttelproduiten ausginn. Dat wier net vill. "Wann adequat Informatiounen zum adequaten Zäitpunkt op där richteger Plaz disponibel sinn, wieren d'Leit vläicht bereet méi auszeginn." An hiren Aen feelt et un dësen Informatiounen. Dernieft fuerdert si e bessert Kennzeechne vun de Produiten.

Géint industriell Schluecht-"Fabrécken"

Mam neien Déiereschutzgesetz dat um Instanzewee ass, soll méi Aarbecht op d'Veterinairesinspektioun zoukommen. Bei der Konferenz vun der Grénger Stëftung gouf kritiséiert, ronn 20 Veterinairë fir ëm déi 1500 Bauerebetriber géifen net duergoen. Den Direkter vun der Veterinairesinspektioun Felix Wildschutz géif et begréissen, wann a sengem Service méi Leit géingen agestallt ginn. Dräi Veterinairë wiere permanent an de Schluechthaiser dobäi. Et dierf net geschluecht ginn, wa kee Kontroller do ass, betount de Felix Wildschutz.

Wéi d'Déiere geschluecht ginn, géif och zum Schutz an der Sécherheet vum Déier bäidroen, ënnersträicht de Jérôme Reuter vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer. Den Ament géif sech am Ausland eng Konzentratioun vun de Schluechtbetriber ofzeechnen. Déi regional Schluechtbetriber géife verschwannen. Amplaz kéime "grouss industriell Fabrécken." Zu Lëtzebuerg misst dësen Trend verhënnert ginn, betount de Jérôme Reuter. Manner regional Schluechthaiser géifen nämlech méi laang Transportweeër a méi Stress fir d'Déiere bedeiten.

Lëtzebuerg hätt aktuell zwee Schluechthaiser, an dat wieren der genuch, fënnt de Jérôme Reuter. Dernieft géif et ee Metzler am Norde vum Land ginn, dee seng Déiere géif selwer schluechten. "Dat sinn Initiativen, déi muss een ënnerstëtzen." Dofir begréisst hien och d’Iddi vun de mobille Schluechthaiser. Obwuel dat mat méi Käschte verbonne wier, kéinten d'Betriber dovu profitéieren, esou de Vertrieder vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer.

Interessekonflikt?

Am Kader vum Projet de loi iwwer dat neit Déiereschutzgesetz gëtt dem Landwirtschaftsminister awer virgeworf, sech engem Interessekonflikt auszesetzen. Wann déi Autoritéit, ënnert där ronn 200.000 Déieren am Joer geschluecht géife ginn, gläichzäiteg géif Déiereschutzmoossname festleeën, da wier dat en Interessekonflikt, huet den Affekot Stéphane Decker op der Konferenz an de Rotondë kritiséiert. De Fernand Etgen kéint net d'Interessi vun de Baueren a vun de Konsumente vertrieden: Fir den Déiereschutz an eng aartgerecht Haltung misst een zousätzleche Ministère verantwortlech sinn, fuerdert den Affekot.