Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Gesondheetsministerin: "Eis Medezin soll vum Staat gedroe ginn"

Riicht Eraus

Nei Gesondheetsministerin: "Eis Medezin soll vum Staat gedroe ginn"

D'Paulette Lenert seet fir d'LSAP géif eng Zwee-Klasse-Medezin net a Fro kommen. Fir déi eenzel Patienten dierften d'Präisser net an d'Luucht goen, esou déi designéiert Gesondheetsministerin an eiser Emissioun Riicht eraus.

auto_stories

2 min

D'Paulette Lenert iwwerhëlt de Gesondheetsministère vum Etienne Schneider

D'LSAP-Politikerin betount, Lëtzebuerg misst e gudde Gesondheetssystem fir jiddweree behalen - dat wier bis elo ëmmer esou gewiescht. "Genee dee System ass et, deen hei am Land zu engem groussen Deel zum soziale Fridde bäidréit," esou d'Paulette Lenert, déi d'nächst Woch de Gesondheetsministère iwwerhëlt.

Si wollt sech nach net festleeën, wéi eng Roll privat Gemeinschaftspraxen an Zukunft sollen iwwerhuelen. Déi Fro steet am Raum, zanter am Dezember e Geriicht decidéiert hat, datt de Gesondheetsministère et engem Dokter net dierft verbidden en IRM-Scanner an enger privater Praxis ze bedreiwen.

Keng Zwee-Klasse-Gesellschaft

D'Paulette Lenert seet, et misst ee sech elo Gedanke maachen, wéi eng Akten ausserhalb vun de Spideeler kënne gemaach ginn a wéi eng net. Dat wier awer eng Decisioun, déi kéint "een net kann aus der Hëft schéissen". Si wéilt als Ministerin fir d'éischt mat all de concernéierten Acteure schwätzen.

Déi designéiert Gesondheetsministerin ënnersträicht, medezinesch Servicer, déi vu private Praxissen ugebuede ginn, dierfte fir de Patient net méi deier ginn, wéi d'Versuergung am Spidol: "Eis Medezin soll am Prinzip vum Staat gedroe sinn," seet d'Paulette Lenert. Wann een d'Präisser fir den eenzele Patient eropsetzt, da wier dat "net gesond". Doduerch géif een indirekt eng Zwee-Klasse-Gesellschaft schafen, déi "déi eng sech leeschte kennen, an déi aner net."

An der Emissioun Riicht eraus goung et och ëm déi aktuell Diskussioune ronderëm den Haff, an d'Neiopstellung vun der LSAP als Partei. De ganzen Interview mat der Paulette Lenert kënnt Dir hei nach eng Kéier lauschteren: