Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nei Gewielte musse Gemengebeamten nolauschteren"

Gemengewahlen

"Nei Gewielte musse Gemengebeamten nolauschteren"

Fir d'Gemengebeamte huet den Ausgang vun de Wahlen e groussen Afloss op hiren Alldag. Dat seet den Alain Spies vun der Federatioun vun de Gemengebeamten. Gemengepolitiker misste méi Zäit kréien.

auto_stories

2 min

Den Enjeu fir d'Gemengebeamten ass grouss, well een net weess, mat wiem an a wéi enger Form ee mat engem zesummeschafft, sou den Alain Spies, Trésorier a Member vum Exekutiv-Büro vun der Federatioun vun de Gemengebeamten (FGFC). Fir Leit, déi op der Gemeng schaffen, wier et dowéinst interessant, wéi d'Resultater haut ausfalen. An de grousse Gemengen, wéi zum Beispill d'Stad Lëtzebuerg oder d'Stad Esch, misst awer net onbedéngt e Moment vun der Onrou entstoen:

"Just eng Rei Leit sinn direkt mam Schäfferot konfrontéiert. Déi aner, ech nennen dat mol Satellittebetriber, sinn net direkt beaflosst. Bei deene méi klenge Gemengen ass dat en Alldag, datt ee sech och ëmmer gesäit."

Do wier et wichteg, déi richteg Leit op senger Säit ze hunn.

Déi nei Gewielte missten de Gemengebeamten nolauschteren. Donieft wier et wichteg, déi nei Politiker och an d'Thematik vun der Gemeng anzeféieren.

Amateurismus bei Gemengepolitiker?

Formatioune missten ugebuede ginn, fir datt jiddereen um selwechte Wëssensstand vun de Gemengepolitiker ass. Nei gewielte Gemengepolitiker wieren deemno mat neie Problemer konfrontéiert. Zum Beispill Personalmanagement oder Gemengegesetz. Et bräicht een eng Rei Joren Erfarung. Wann een déi net hätt, da misst een op Moyenen, wéi Formatiounen zréckgräifen. Den FGFC ass elo frou, datt de Syvicol dës Formatiounen iwwer hire Gremium organiséiert.

D'FGFC hat verschidde Gemengepolitiker Amateurismus virgehäit, well net all Gemengepolitiker haaptberufflech Politiker ass. Fir d'FGFC läit d'Léisung doranner, datt Gemengepolitiker méi Zäit misste kréien: "Virun allem op de grousse Gemenge missten d'Politiker déi ganz Woch op der Gemeng sinn. Domat ass d'Fro vum Duebel-Mandat och beäntwert." D'FGFC plädéiert och dofir, datt d'Gemenge fusionéieren an esou d'Kompetenzen zesummebréngen.