Radioen

On air

De Weekend  |  Steely Dan - Peg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bye bye "Assiette"

BEPS-Konsequenzen

Bye bye "Assiette"

D’EU-Kommissioun huet virun enger Woch nei Reegelen a Mesure géint excessiv Steier-Optimiséierung vu multinationale Konzerner presentéiert, déi wann se bis ëmgesat ginn, och en Impakt op Lëtzebuerg wäerten hunn. Bei de groussen Consulting- an Auditfirmaen ass een virsiichteg optimistesch.

François Aulner / ckl

auto_stories

7 min

Déi nei Regelen a Saache Steierwettbewerb wäerten och en Impakt op Lëtzebuerg hunn

Déi sougenannt BEPS-Rekommandatioune vun der OECD gesi Reegele vir, déi de Versuch ënnerbannen, fir duerch international Transferte vu Profitter, bannent engem Grupp selwer, d’Assiette Fiscale ze reduzéieren an esou manner Steieren ze bezuelen. Graff resuméiert beweegt sech den internationale Steierwettbewerb also vun der Assiette, der Basis, eriwwer bei d’Taux’en.

Éischt Konsequenz, och fir Lëtzebuerg: d’Regierung wäert mat der geplangter Steierreform sécherlech, oder dat hoffen op d’mannst déi gréisst Oppositiounspartei CSV an d’Consultingfirmaen, d’Steierbase méi breet maan, mee gläichzäiteg, fir dës zousätzlech Belaaschtung ze kompenséieren, den Taux erofsetzen. Den CSV Députéierte Laurent Mosar ass kloer der Meenung, datt Lëtzebuerg an deem Kontext soll d'Roll vum "first mover" iwwerhuelen. Hien schléit vir, elo schonn "eis Base sou festzeleeën, wéi se an de nächste Joere vu Bréissel wäert imposéiert ginn a gläichzäiteg den Taux nominal erofzesetzen". 

Am Ausland wieren déi Upassunge schonn amgaang – dorop mecht de Chef fir Steierfroe bei Price Waterhouse Coopers Lëtzebuerg opmierksam. "Groussbritannien huet virgesinn op 18% ze goen, an der Belsch gëtt et eng Propositioun fir op 20% ze goen", sou de Wim Piot.

"Keng Kaddoen"

Mee: Wéi wäit soll den Taux dann erofgesat ginn? De Chef vun der Auditfirma KPMG Lëtzebuerg Georges Bock seet, seet d’Baisse vum Taux soll der Vergréisserung vun der Base entspriechen. Senge Schätzungen no, misst den Taux vun aktuellen 28%, op 16% bis 18% Prozent erofgoen. "Wa mir net wëlle komplett aus dem Kader vun der Kompetitivitéit erausgoen, da setze mer d'Tauxe rof. Dat heescht awer net, datt mer da manner Suen erakréien, et gëtt just anescht gerechent. Et ass wichteg, datt d'Leit dat verstinn: wa mer d'Tauxen erofsetzen an d'Basis méi breet maachen, heescht dat net, datt et Kaddoe ginn", sou de Georges Bock. Seng – vereinfacht – Rechnung:  "100 mol 30% gëtt 30, genausou wéi 200 mol 15% och 30 gëtt"

Mat engem Wiessel vun der Steiercompetitioun um Niveau vun der Base eriwwer bei d’Competitioun um Niveau vum Taux, stellt sech aus der Siicht vum Lëtzebuerger Wirtschaftsstanduert, mee awer och vum Wirtschafts- a Sozialmodell, folgend Fro: riskéieren international Betriber sech net méi hei néierzeloossen oder d’Land ze verloossen? A riskéieren Audit- a Consultingfirmaen, déi Dausende Leit beschäftegen, keng Aarbecht méi ze hunn? De Steierberoder Paul Chambers seet, de lëtzebuerger Standuert hätt wuel ebe grad duerch Upassungen un der Base Industrië kennen unzéien: "Lëtzebuerg hat vill Succès mat Upassungen um Niveau vun der Assiette".

"Aner Virdeeler spille loossen"

De Finanzminister Pierre Gramegna, ass optimistesch, nom Motto: Keng Angscht, Lëtzebuerg huet vill aner Virdeeler. "Wa fir all Mënsch déi déiselwecht Regele gëllen, da muss een aner Virdeeler spille loossen, wéi eisen Triple A, gesond Staatsfinanzen, de sozialen Zesummenhalt, staark FinTech, gudden Dateschutz an Technologie-Autobunnen", seet de Minister.
 
Op Säite vu Price Water House Coopers, mécht een sech wéineg Suergen a Punkto Erhale vun der Competitivitéit. "Wa Lëtzebuerg kompetitiv um Taux bleift, dann ass de level playing field um Niveau vun der Base kee Problem", seet de Wim Piot.

Och bei KPMG ass een éischter optimistesch, ënnert der der Konditioun, datt d’Regierung de Betriber eng Previsibilitéit gëtt, zum Beispill am Beräich vun der Propriété intelectuelle (IP). Déi international Reegele gesi vir, datt Konzerner nëmmen nach do kenne vu favorabele Steierregime fir IP kenne profitéieren, wou se och d’entspriechend Recherche maachen. De Georges Bock seet: "Wann d'Betriber net wëssen, ob mir an zwee Joer oder och sechs Méint nach esou ee Gesetz hunn oder net, da kënne mer net verlaangen, datt se heibleiwen"

"Diskriminatioun tëscht groussen a klengen"

Och wat d’Steierberodungsaktivitéiten zu Lëtzebuerg ugeet, ass een och optimistesch. Et wier souwisou eng Aktivitéit, déi vum Changement liewe géing, heescht et am Secteur. Dobäi kënnt, datt d’Moderniséierung vum internationale Steiersystem duerch déi nei BEPS-Reegele souzesoen méi Aarbecht fir d’Audit- a Consultingfirmaen duerstellt. An dat kéint sech éischter negativ op méi kleng Betriber auswierken. 

"BEPS, dat sinn 1.600 Säiten, dat ass ganz schwier verdaulech a komplex, souguer fir Steierexperte wéi eis. Mir riskéieren do natierlech eng nei Diskriminatioun ze kreéieren, notamment tëscht deenen Entreprisen déi grouss Steierdepartementer hunn  an deenen déi dat net hunn", seet de Wim Piot vu PWC.

Gemeinsam consolidéiert Steierbasis an der EU – jo oder nee?

Mat de neie BEPS-Reegelen entsteet eng international gemeinsam Steierbasis, op d’mannst zu engem gewësse Grad. Zanter Hierscht d’lescht Joer ass awer och d’Iddi vun enger gemeinsamer consolidéierter Steierbasis an der EU relancéiert. De Chef vu KPMG Lëtzebuerg, Georges Bock, erkläert, dat géing bedeiten, datt d’Recetten an der EU an en Dëppe kéimen an da no engem Schlëssel verdeelt ginn. An dat wier just am Interet vu grousse Länner. Dem Georges Bock no, géing eng total Harmoniséierung vun der Betribsbesteierung souwisou kee Sënn maan. "Et geet ëm Pouvoir et geet em Suen an et muss ee kloer soen, an Debatte wéi där geet et drëm wien kritt wat fir Suen", sou de Georges Bock.

Op Säite vu PWC ass de Constat deeselwechten: De Wim Piot gleeft net, datt et ënnert den EU-Memberstaten zu engem Accord iwwert eng gemeinsam consolidéiert Base kéint kommen. "Ech rappeléieren datt souguer an Unioune wéi den USA d'Konkurrenz tëscht den eenzelne Staaten ganz grouss ass, méi wéi an Europa", seet hien. 

Am Secteur gleeft een och net, datt Lëtzebuerg sech fir eng gemeinsam consolidéiert Steierbasis an der EU wäert ausschwätzen. Der Fro, wat hien dovun hält, versicht de Finanzminister Pierre Gramegna, aus dem Wee ze goen a seet just: "Wa jiddereen déi Reforme mécht vu BEPS, da kréie mer eng gemeinsam Spillwiss an dann ass Lëtzebuerg net benodeelegt, da kënne mir eis gutt entwéckelen an optimistesch an d'Zukunft kucken".

Hei déi komplett Interviewen fir ze lauschteren:

Pierre Gramegna

 

Georges Bock

 

Laurent Mosar

 

Paul Chambers

 

Wim Piot