Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Krittäre bei der SNHBM

Logement

Nei Krittäre bei der SNHBM

Fir datt d'Leit net méi musse virun der SNHBM campéiere fir eng subventionéiert Wunneng an de Gemengen ze kafen, huet den ëffentleche Bauträger seng Krittäre geännert, seet de Guy Entringer, Direkter vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Peschplay_arrow


Gekuckt gëtt elo, wie prioritär ass. Ob een zum Beispill an där Gemeng wunnt an där d'Wunnengen ugebuede ginn, op een do schafft oder ob d'Elteren do wunnen. An enger zweeter Etapp géif d'SNHBM prioritär Famille mat zwee Kanner oder méi zervéiren. Dono dierfe Famille mat engem Kand, dann d'Koppelen an da Celibatairë sech eng Wunnen aussichen.

Den neie Krittären no hunn d'Leit dräi Wochen Zäit fir hire Kandidaten-Dossier ofzeginn, nodeems eng Seance d'Information mat der Gemeng stattfonnt huet. Wien den Dossier als éischten ofgëtt spillt keng Roll méi, erkläert de Guy Entringer, Direkter vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché. Gekuckt gëtt elo, wie prioritär ass.

Bei de Wunnprojeten déi d'SNHBM ouni d'Gemenge mécht, wéi zum Beispill um Kierchbierg, wäert den ëffentleche Bauträger weiderhin no enger Waardelëscht fueren, mam Ënnerscheed, datt gekuckt gëtt, datt nach Wunnenge besser gefëllt ginn. "Zum Beispill e Celibataire kann, wann d'Demande grouss ass, just nach eng Appartement mat zwou Kummeren an net méi mat dräi oder véier Kummere kafen", sou de Guy Entringer.

De Plaffong vum Revenu fir eng subventionéiert Wunneng eligibel ze si géif net geännert ginn, sou nach de Guy Entringer. D'SNHBM géif och un enger Method schaffen, déi et erméiglech d'Dossieren iwwer Internet anzereechen.