Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei medezinesch Permanence am Abrigado

Drogenofhängeger

Nei medezinesch Permanence am Abrigado

D'Covid19-Pandemie ass fir Drogenofhängeger an de Servicer, déi se begleeden, eng grouss Erausfuerderung. Wéinst hirem dacks schlechtem gesondheetlechem Zoustand si si engem héije Risiko ausgesat a liewen ënner prekäre Konditiounen. Dowéinst gouf no Alternative gesicht, fir de medezinesche Suivi ze assuréieren. Am Abrigado gëtt et dofir an Zesummenaarbecht mat Médecins du Monde eng nei medezinesch Permanence fir d'Gesondheet vun Drogenofhängeger ze suivéieren.

auto_stories

2 min

Drogekonsumenten, déi un engem Substitutiounsprogramm Deel huelen, ginn normalerweis bei een agreéierten Dokter, deen ënner anerem Methadon verschreift. Wéinst der Covid19-Kris goufen d'Consultatiounen iwwer Telefon gemaach.

De Suivi vun Drogekonsumente maachen

Fir de Suivi vun deene Persoune kënne vu méi no ze erlaben, schafft den Abrigado zesumme mat Médecins du Monde zesummen, An Tëschenzäit hunn déi Dokteren och een Agrément vum Santésministère, fir ee Substitutiounsmëttel kënnen unzebidden, zielt de Raoul Schaaf, Direkter vum Comité national de défense sociale (CNDS). Dofir hätt een e Kollaboratiounskontrakt mat Médecins du Monde.

"Den Drogekonsument, dee sech fir dëse Suivi entscheet, kënnt also all Dag dohi fir säi Medikament anzehuelen a kann och doduerch vu méi no medezinech suivéiert ginn."

Dës Approche hätt eng Partie Virdeeler, seet de Raoul Schaaf. Sou kéint de gesamte gesondheetlechen Zoustand vun de Leit sech verbesseren. Fir dat ze vereinfache géif ee weider Offeren ubidde fir d'Leit deementspriechend z'orientéieren.

Jiddwereen erreechen

Déi Betreiung ass fir jiddwereen zougänglech, ob ee bei der Sécurité sociale affiliéiert ass oder net. 40 Prozent vun de Cliente vun Abrigado sinn net sozial verséchert, preziséiert de Raoul Schaaf.

An dee Service gëtt gutt genotzt, am Juli eleng goufen et am Abrigado 800 Consultatiounen an der Infirmerie, ee Véierel dovunner fir d'Substitutioun. Verschidde Clienten hätten och ëmorientéiert kënne ginn.

De Service och am Confinement assuréieren

Wärend dem Confinement konnt den Drogekonsumraum an den Abrigado weider funktionéieren, och wann den Zougang un d'Reegelen ugepasst gouf. Et gouf beim Personal och kee Fall vun enger Infektioun mat Covid19, och wa verschidde Cliente positiv getest goufen an un déi spezifesch Servicer weidergeleet goufen.

D'Servicer ewéi Médecins du Monde, d'Jugend- an Drogenhëllef, de Santésministère an den CNDS hu séier Alternativen an d'Weeër geleet, fir aner Problemer ze léisen, ewéi ënner anerem d'Iessen oder d'Hygiène

Wichteg war et och den Zougang zu verschidde Servicer weider ze assuréieren, dozou gehéiert d'Méiglechkeet fir Sprëtzen auszetauschen.