Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Méiglechkeete fir sozial Entreprisen

Solidaresch Economie

Nei Méiglechkeete fir sozial Entreprisen

De Statut "Société d'impact sociétal" soll sozialen Entreprise méi Visibilitéit an e bessere juristesche Kader bidden. Dat mécht de Secteur méi dynamesch, versprieche sech de Jean-Christophe Burkel (ULESS) an de Gontran Poirot (6zero1).

auto_stories

3 min

Duerch dat neit Gesetz soll de soziale Secteur méi dynamesch ginn. Foto: Bigstock / rawpixel

Mam Gesetz iwwert "sociétés à impact sociétal" soll déi sozial a solidaresch Ekonomie nei strukturéiert ginn. Zu dësem Secteur gehéieren déi Entreprisen an Associatiounen, déi e gesellschaftlechen Impakt hunn an net fir lukrativ Zwecker geschaf ginn, erkläert den Direkter vun der Union luxembourgeoise de l'économie sociale et solidaire (ULESS), Jean-Christophe Burkel.

Datt eng Entreprise net lukrativ wier, géing awer net heeschen datt si kee Profit maache géing. "Gëtt et e Benefice, da ginn d'Suen erëm an d'Entreprise re-investéiert a net un Aktionäre verdeelt." Dat ass dem Jean-Christophe Burkel no de groussen Ënnerscheed géintiwwer enger Société anonyme (SA) oder enger Société à responsabilité limitée (Sàrl)."

Vill Virdeeler mam neie Statut

Mam neie Gesetzprojet erhofft ee sech méi Dynamik fir dat soziaalt Entrepreneuriat. De Projet deen 2015 deposéiert gouf, gesäit nämlech d'Schafe vum neie Statut "Sociétés d'impact sociétal" (SIS) vir. Dëse Statut hätt virun allem Avantagë fir déi Entreprisen, déi mam private Secteur konkurréieren, erkläert den Direkter vun der ULESS.

Bis ewell haten déi sozial Entreprisen de Statut vun enger Association sans but lucratif (a.s.b.l.). "Dee Statut ass fir eng wirtschaftlech Aktivitéit net adaptéiert. Et gëtt keng Autorisation de commerce, d'TVA ass facultativ, d'Entreprisen hu keen Accès op den ëffentleche Marché...dat si vill Contrainten." Mam neie rechtleche Statut erhofft een sech, datt sozial Entreprisë mam private Secteur op een Niveau gestallt ginn. "De soziale Secteur kann sech a Form vun enger SA oder enger Sàrl opstellen, bleift awer zu 100 Prozent net lukrativ."

Dem Jean-Christophe Burkel no wier e wichtegen Avantage deen, datt d'Entreprisen da kënne Member bei de Beruffskummere ginn. Dat wier besonnesch fir d'Entreprisen am Handwierk wichteg. Et géing eng ganz Partie Problemer léisen, besonnesch dee vun der Concurrence déloyale géigeniwwer dem private Secteur. Si hätten dann och Zougank op di ëffentlech Marchéën.

Hëllef fir nei Entreprisen

De Projet 6zero1 soll déi éischt SIS ginn. Dat huet sech den Direkter Gontran Poirot virgeholl. Säi Projet soll sozialen Entreprisen hëllefen, um Marché Fous ze faassen a si bei den éischte Schrëtt begleeden. "Et gi vill a.s.b.l.en, mee wat feelt si Leit, déi am Kader vun der sozialer a solidarescher Economie innovativ Projete lancéieren."

De sougenannten Incubateur soll dobäi hëllefen. Gebuede gëtt e Bureau fir ze schaffen an dat néidegt Material. Mee och Informatiounen, Berodung, Formatiounen an Evenementer sollen den neie sozialen Entreprisen hëllefen, sech um Marché ze positionéieren, esou de Gontran Poirot.