D'Schoulwoch vum 4. bis den 8. Januar soll komplett digital stattfannen, och an de Kompetenzzenteren, der Erwuessebildung an am Enseignement musical.
An de Grondschoule soll d'Matière vum éischten Trimester widderholl ginn.
Am Lycée soll Stonn fir Stonn ee Cours gestreamt ginn, mee keng Prüfunge gemaach ginn. D'Semester vun de Premièrë gëtt dowéinst ëm eng Woch verlängert. Eng eventuell Upassung vum Schoulprogramm wollt de Minister net ausschléissen.
Well d'Kannerbetreiung fir zwou Wochen zou ass, dierfen d'Eltere wéi am Fréijoer erëm de Congé pour raisons familiales ufroen, dat falls si Kanner ënner 13 Joer hunn.
Nom 10. Januar soll een "esou sécher wéi méiglech" zeréck an d'Schoul, esou den Educatiounsminister. All d'Schüler tëschent 4 an 19 Joer sollen an deenen nächsten Deeg eng Invitatioun fir een Test am Kader vum Large-Scale-Testing kréien. Och d'Schoulpersonal soll sech dierfen teste loossen.
An de Schoule gi CO2-Messgeräter installéiert. Et misst elo och gekuckt ginn, op d'Schoulpersonal an enger zweeter Phas kéint geimpft ginn.
D'Hotline fir de psychologesche Support gëtt vun der Cepas um 8003 9393 assuréiert. Doriwwer eraus gëtt et och eng pedagogesch Hotline um 8003 9090.