Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Mobbingvirwërf géint d'Monica Semedo

EUROPAPARLAMENT

Nei Mobbingvirwërf géint d'Monica Semedo

D'Europadeputéiert Monica Semedo ass op en Neits mam Reproche vun Harcèlement confrontéiert. No enger Plainte vun engem fréiere Mataarbechter koum deen zoustännege Comité vum Europaparlament elo zur Conclusioun, datt et sech bei deem, wat geschitt ass, op en Neits em Harcèlement psychologique handelt.

auto_stories

3 min

Foto: Europaparlament / Fred Marvaux

Am Fréijoer dëst Joer gouf eng Enquête lancéiert, nodeems ee fréiere Mataarbechter eng Plainte beim zoustännege Comité am Parlament deposéiert.

Déi lescht Woch koum dee Comité eisen Informatiounen no zur Konklusioun, datt d´Reprochë géint d'Monica Semedo fundéiert sinn an et sech effektiv op en Neits em Harcèlement psychologique handelt.

Decisioun iwwer Sanktioune läit bei der Presidentin

De Comité huet säi Rapport elo un d´Präsidentin vum Europaparlament iwwerreecht. Et ass also elo un der Roberta Metsola fir eng Decisioun ze huelen, ob a wéi eng Sanktioune géint déi fréier DP-Politikerin ausgeschwat ginn.

Am Januar zejoert war d'Monica Semedo vum deemolege Parlamentspresident Sassoli wéinst Harcèlement psychologique fir zwou Woche suspendéiert ginn. D'Monica Semedo hat sech deemools bei deenen dräi fréiere Mataarbechter, déi eng Plainte gemaach haten, entschëllegt a verséchert, si hätt elo eng exzellent professionell Relatioun mat all hire Mataarbechter.

Fréier Mataarbechter beschreiwen d´Ambiance als "toxesch"

Eisen Informatiounen no gëtt dat vun där anerer Säit net esou gesinn. Hir Cheffin hätt am Fong ni agesinn, wa si am Feeler gewiescht wier, heescht et aus Kreesser vu fréiere Mataarbechter, déi d'Stëmmung um Büro als "toxesch" beschreiwen.

Hir Aarbecht an hiren Asaz wieren net unerkannt ginn. Et wieren deels Saache vun de Mataarbechter verlaangt ginn, déi si, an hiren Aen, onméiglech ëmsetze konnten.

D'Deputéiert hätt dat, wat vun den Assistente preparéiert gouf, dacks net akzeptéiert, si deels ugebierelt, si bei hiren Explikatiounen ënnerbrach ouni nozelauschteren an hinnen d´Schold fir Saache ginn, iwwer déi si keng Kontroll haten.

De Beweis, datt d'Monica Semedo nach ëmmer iwwerzeegt ass, datt si am Januar zu Onrecht sanktionéiert gouf, géif iwwerdeems ee Post op Facebook liwweren. De 19. Juli dëst Joer hat d´Europadeputéiert eng Foto vun engem WhatsApp-Echange mat engem vun hire fréiere Mataarbechter gepost, an ugedeit, datt hiren Tounfall an de Saz "Was soll der Scheiss?" eng Ursaach fir d´Sanktiounen am Januar gewiescht wier. Dee Facebook-Post gouf an der Tëschenzäit vun der Monica Semedo geläscht.

Nieft deenen dräi Mataarbechter, déi déi éischt Plainte gemaach hunn, hunn an Tëschenzäit fënnef weider Persounen de Büro verlooss.

D´Monica Semedo war selwer Ufanks 2021 aus der DP ausgetrueden, kuerz nodeems hir Sanktioun bekannt gi war. Zanterhier ass si nieft dem DP-Europadeputéierte Charles Goerens als parteilos Europadeputéiert an der Fraktioun vun de Liberalen, dem Grupp "Renew" vertrueden.