Nei Nationalbibliothéik a Nationalarchiven: wou sinn d'Projeten drunn?

D’Kulturministesch Maggy Nagel kann sech virstellen, datt een Deel vun de Nationalarchive längerfristeg an de Gebaier vun der «Administration des Bâtiments Publics» (ABP) kann ënnerkommen. Am Fong war de Stockage zu Bartreng just als Iwwergangsléisung geduecht, well d'ABP d'Infrastrukturen selwer brauch.

Opmannst déi nächst zwee Joer wier kee Budget do, fir de Bau vun engem neie Gebai fir d’Nationalarchiven an d'Weeër ze leeden, sou d’Maggy Nagel. D’Regierung wier sech awer bewosst, datt d’Nationalarchiven aus alle Néit platzen an eng definitiv Léisung muss fonnt ginn.

D’Maggy Nagel kritiséiert iwwerdeems, datt déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg soll 112 Milliounen Euro kaschten. Fir bei deem Projet nach gréisser Spuerefforten ze maachen, wier et awer schonn ze spéit. Och de Fait, datt d’Nationalarchiven net an de Projet um Kierchbierg integréiert goufen, bedauert d’DP-Kulturministesch. D’DP-Fraktioun hat d’Gesetz iwwert de Bau vun der Nationalbibliothéik am Mäerz zejoert an der Chamber matgestëmmt.

De Bäitraag vum Pia Oppel:

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen