D’CFL offréiert zanter dësem Weekend Nuetszich tëscht der Stad a Rodange oder Ëlwen. Ausser op Chrëschtdag fueren déi Zich virun de Feierdeeg an um Weekend an der Nuecht vu Freideg op Samschdeg a vu Samschdeg op Sonndeg.
Vun de Garë Lëtzebuerg a Rodange ass iwwregens eng Busverbindung virgesinn, déi un den neien Horaire ugepasst gëtt, seet de Marc Hoffmann, CFL-Direkter am Beräich Persounentransport.
D’CFL hat schonn Nuetszich virun de Feierdeeg proposéiert. Wéinst dem grousse Succès gouf déi Offer elo ausgebaut.
Et ass fir den Ament net virgesinn, déi Nuetszich während der Woch anzesetzen. Um CFL-Reseau sinn da Maintenanceaarbechten.