De Staat huet eegenen Aussoen no méi wéi ee Véierels vun de Parte bei Luxtram. Dir hutt Iech bei der neier Propos un d'Loun- an Aarbechtskonditioune vum ëffentlechen Déngscht gehalen.
Allerdéngs, wat nei ass par Rapport zu eiser éischter Propos, déi mir gemaacht hunn: Dat si Carrièrë vun de Conducteuren, well mir do nach eng Kéier méi genee gekuckt hunn, wat elo Qualifikatioune sinn, déi si musse matbréngen, an do hu mir festgestallt, datt et um Niveau vun de Qualifikatiounen awer trotzdem Ënnerscheeder gi par Rapport zu engem Buschauffer am ëffentlechen Déngscht.
Dofir hu mir béid Carrièren nei ausgeluecht, a mir hunn do natierlech eng nei Basis gehat fir déi aner Carrièren do drop opzebauen.
Dir hutt der Direktioun vu Luxtram déi Propos och matgedeelt. D'Direktioun géif elo den Impakt dovun ausrechnen?
Jo, ganz genee. Mir si mol frou, datt si sech déi Zäit huele fir domadder effektiv den Impakt vun deene Mesurë vun dëser Carrière auszerechnen. Fir elo all déi aner Fuerderungen, déi mir do haten, do hale mir eis einfach un dat, wat am ëffentlechen Déngscht Usus ass, an do ginn et natierlech keng Ënnerscheeder, wat elo de Congé ubelaangt an och Zouschléi.
Do verbanne mir déi Standarde vum ëffentlechen Déngscht, och wat d'Aarbechtskonditiounen ubelaangt. Do bleiwe mir natierlech aus de selwechte Sécherheetsgrënn an Erklärunge bei den Amplituden zéng Stonne maximal den Dag. Do huet sech näischt geännert.
D'Françoise Keller am Gespréich mam Christian Sikorski:
Op eis Nofro hi wollt Luxtram sech fir den Ament nach net zu der Propos vun de Gewerkschaften äusseren.