Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Regelung néideg fir déi offizielle Mediecampagnë bei Wahlen

Mediechronik

Nei Regelung néideg fir déi offizielle Mediecampagnë bei Wahlen

Sollen d'politesch Parteien e Matsproocherecht iwwer d'Couverture vum radio 100,7 an RTL vun der offizieller Wahlcampagne hunn? A wéi ka verhënnert ginn, datt déi etabléiert Parteien op Käschte vu klengen an neie Parteie bevirdeelegt ginn? Déi Froe stelle sech fir d'offiziell Campagne vun den audiovisuelle Medie fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober. Bis elo kann ee mat den Äntwerten net zefridde sinn, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an enger Mediechronik.

auto_stories

4 min

Jean-Claude Franck

Chamberwahle si wichteg, och fir d'Medien. Et gëtt awer fir des Campagne keen Accord fir déi offiziell Mediecampagne vum radio 100,7 an RTL. D'Gespréicher mat de Parteien a mam staatleche Service Information et Presse si bis elo op kee gréngen Zweig komm. Se hunn zwar am Januar ugefaangen, mee bis haut gouf et keng seriöDiskussioun.

Virun all Wahlcampagne ass et de selwechte schwieregen Exercice: de staatleche SIP, op Demande vun der Regierung, rifft d'Vertrieder vum radio 100,7 a vun RTL zesummen. Ze diskutéiere sinn d'Modalitéite ronderëm d'Wahlspotte vun de Parteien a ronderëm Ronndëschgespréicher op der Telé, op RTL Radio an hei um radio 100,7. All Kéier gëtt den Accord vun der Kéier vu virdrun aus dem Tirang geholl, an Abschnitt fir Abschnitt duerchgekuckt, wat ännere soll. Dono pilgert de SIP bei d'Parteien. Wochen oder Méint méi spéit gesäit ee sech dann am grousse Krees.

D'Diskussioun ass schwaach, well et geet virun allem em d'Quantitéit: Déi meescht Parteie wëllen "temps d'antenne" kréien, a Form vu méiglechst villen Table Ronden a Sendeplaze fir Wahlspotten. Do gëtt em Minutte gefeilscht, wäit ewech vu professionelle Consideratiounen. Fir déi meescht Parteien, ob kleng oder grouss, ass et kloer, datt d'Medien haaptsächlech dofir do si fir "hir Messagen ënner d'Leit ze bréngen".

D'Medien iwwerhuelen d'Responsabilitéit iwwer de Contenu

De Punkt, fir dat net méi just hannert zouenen Dieren ze diskutéieren, ass elo komm. Fir t'alleréischt kruten RTL an 100,7 wéinst enger Parti Divergenze geäntwert, d'Medie wiere just Observateuren an hätte kee Stëmmrecht. Dobäi ass de radio 100,7 onofhängeg an en huet als ëffentlech-rechtleche Radio d'Responsabilitéit iwwer alles, wat en diffuséiert. Mir kënnen net akzeptéieren, datt eis en Ee an d'Nascht geluecht gëtt an um Enn eis Reputatioun a Kredibilitéit um Spill stinn.

Dowéinst si mir dogéint fir Table Ronden ze diffuséieren, déi vun eise Journaliste moderéiert ginn, iwwert déi mir fir de Rescht awer net vill ze soen hunn. D'Parteien hätte gär véier Table Ronden, mat Critèren déi dozou féiere géifen datt bis zu zéng Vertrieder vu Parteie ronderëm den Dësch sëtzen. Mir hu Enn Januar virgeschloen, d'Zuel vun den Inviteeën op sechs ze limitéieren fir eng konstruktiv Debatt z'erméiglechen. D'Parteien hunn eis de 7. Mee prinzipiell Recht ginn, datt eng Debatt mat esou vill Invitéeën näischt bréngt well d'Nolauschterer sech dra verléieren, a well et um Enn just dozou féiert, datt ee Kandidat nom anere seng dräi Spréch vum Stapel léisst.

Well d'Parteie sech awer net virstelle kënnen, no wéi engem Schlëssel déi verschidden Table Rondë kënnen opgedeelt gi wa just sechs Invitéeën zougelooss sinn a well kee wëll op eng vun den Table Rondë verzichten, hu si de 7. Mee géint eng Limitatioun vun der Zuel vun den Invitéeë gestëmmt. Mir wëssen zwar all, datt dat näischt daacht, mee wéinst intellektueller Lidderegkeet gëtt trotzdeem um ale System festgehalen.

"Déi ganz Prozedur ass net méi zäitgeméiss"

Mir haten och virgeschloen all d'Parteien d'selwecht ze behandelen, egal ob si an alle véier Bezierker oder just an engem Bezierk untrieden. Wie sech fir en Deputéiertemandat opstellt, muss an der ëffentlecher Debatt zu Wuert kommen a muss déi selwecht (kritesch) Froe gestallt kréien, wéi déi aner. Ginn déi kleng Parteie kleng gehalen, kënne si éischtens behaapten, si géife vum "System" benodeelegt ginn, wat Populisten an d'Hänn spillt. Zweetens sollten d'Bierger am selwechte Mooss iwwer déi verschidde Kandidaten informéiert ginn ier si an d'Wahlkabinn ginn. Och op dësem Punkt gouf keng Léisung fonnt.

Datt e Vertrieder vun der ADR de 7. Mee gemengt huet, et wier besser d'Parteie géifen d'Theme vun den Table Rondë bestëmmen an net d'Journalisten, weist, wou de Schong dréckt. Déi ganz Prozedur ass net méi zäitgeméiss: Mir brauchen eng parteipolitesch onofhängeg Press, an d'Parteie mussen akzeptéieren, datt d'Journalisten hir Aarbecht maachen, no hirer Deontologie an hire Prinzipien.

Et wier vill méi konsequent, déi audiovisuell Medie géife sech virun all Wahlcampagne zu de grousse Prinzipie wéi zum Beispill der fairer Representatioun vun de Parteien engagéieren, an et géif eng maximal Zäit pro Dag fir Wahlspotte festgehale ginn. Déi ganz Couverture an all eis Sendungen - an net just déi lächerlech puer Table Ronden - missten dann ënnert déi Prinzipie falen. An d'Medien och doru gemooss ginn. Wéi e Sendeformat a wéi eng Inhalter thematiséiert ginn, muss de Medie selwer iwwerlooss sinn. Datt am Joer 2018 nach gemengt gëtt, d'Parteie kéinte bestëmmen wéi d'Journalisten hir Sendungen ze maachen hunn, ass enger Demokratie net würdeg.