Radioen

On air

De Weekend  |  PICelectroNIC

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Strukture fir Sans-Abrisen

Liewen op der Strooss

Nei Strukture fir Sans-Abrisen

An der Stad ginn et zwou nei Strukturen, wou Sans-Abrisë sech den Dag iwwer kënnen ophalen. Dat Besonnescht un dëse Projete sinn déi liberal Konditiounen. Alkohol ass erlaabt, an och Hënn si wëllkomm.

auto_stories

4 min

Den Anghel lieft zënter fënnef Méint op der Strooss

Vu Méindes bis Freides, tëschent zéng Auer Moies a sechs Auer Owes, kënne Leit déi op der Strooss liewe sech am Haff vun der Paterkierch zeréck zéien. Hei steet zënter gutt dräi Wochen ee Container. Ronderem si faarwege Maueren, déi souwuel Kënschtler, wéi och Sans-Abrisë bemoolt hunn. Hei kann ee fir näischt Kaffi, Téi oder Waasser drénken, an och fir Iesse gëtt gesuergt. Entweder duerch Liwwerunge vun der Croix Rouge oder och vun der Stëmm vun der Strooss.

Eng liberal Approche

Wat dësen neie Projet esou speziell mécht, sinn di méi liberal Regelen, déi hei gëllen. Et kann een zum Beispill säin Hond matbréngen. An am Prinzip gëllt: Alkohol ënner 15 Prozent ass erlaabt. An och deen einfachen Accès zum Service géif dëse Projet auszeechnen, erkläert d'Maxime Pax, Responsabel vum Streetwork Uewerstad. "Mir brauchen eis näischt virzemaachen: d'Majoritéit vun de Leit op der Strooss drénken, hunn Drogeproblemer." Wann een als Struktur ganz repressiv wier, géifen d'Leit net kommen.

D'Assistant socialen an d’Educateur graduéën kéinten hinnen nëmme weiderhëllefen, wa si och géifen an d'Struktur kommen, esou d’Maxime Pax weider. Et géif ee sech d'Recht virbehalen, och mol ee Client temporär fort ze schécken, wann dee sech sollt dernieft behuelen. Bis elo géif de Projet awer ganz gutt lafen an esou eng Mesure war nach net néideg gewiescht.

De Bernard lieft zanter 15 Joer zu Lëtzebuerg op der Strooss

De Projet Streetwork Uewerstad ass awer net déi eenzeg Struktur an der Stad, déi méi labber Konditiounen offréiert. Zu Bouneweg ass Enn 2015 de Café social "Le Courage" opgaangen. Och hei kann ee seng Hënn a säin Alkohol matbréngen. Et wier wichteg, datt d'Leit sech kéinte wuel fillen, an datt si net géife jugéiert ginn, seet de Christian Lopez, Coordinateur vum Courage.

De Bilan vum Courage wier bis elo ganz positiv, esou de Cristian Lopez weider. Mëttlerweil géifen an der Moyenne all Dag 80 bis 110 Leit am Café social eran an eraus goen. De leschte Mount goufe bal 3.000 Portiounen Iessen ausgedeelt.

Hoffnung op Aarbecht zu Lëtzebuerg

D'Leit siche Strukture wéi de Courage oder de Streetwork Uewerstad dacks mat konkreten Demanden op. Den Donald koum aus Spuenien op Lëtzebuerg. Am Moment ass hie fir d'Iwwernuechtung an enger Jugendherberg ënnerkomm. Hie kënnt regelméisseg heihi fir Informatiounen ze froen, zum Beispill fir sech bei der ADEM ze presentéieren. Eng Aarbecht ze fanne wier dat wichtegst fir hien, sou de Donald. Nëmme sou kéint hien en Dag iwwert de Kapp kréien a sech an d'Gesellschaft integréieren.

Et géif ee probéieren, Leit wéi dem Donald esou gutt wéi méiglech ze hëllefen, seet de Cristian Lopez. Vill Leit géifen awer mat ganz falschen Erwaardungen op Lëtzebuerg kommen.

Den Anghel aus Rumänien lieft zënter fënnef Méint zu Lëtzebuerg op der Strooss. Well a Rumänien säin Haus zesumme gefall ass, sicht hien eng Aarbecht. Bis elo hätt hien awer nach keng fonnt, obwuel hien an ville Beräicher géif sichen. D'Nuetsfoyeren, wou ee kéint schlofe, wiere meeschtens voll, sou den Anghel weider.

Den Haaptproblem sinn d'Schlofplazen

De Problem vun de Schloplaze wier souwisou dee wichtegsten, dora si sech de Cristian Lopez an d'Maxime Pax eens. De Sans-Abrisën den Dag iwwer eng Plaz ze ginn wou se sech kënnen zeréck zéien, wier eng Saach, seet d'Maxime Pax. Dat géif awer de Problem net léisen. "Si ginn awer zeréck an d'Strooss schlofen. A Moies wann d'Leit schaffe ginn, leie si awer nach ëmmer an der Stross."

"Dat Schlëmmst ass et, Weekends dobaussen z'iwwernuechten", seet de Mike

Op der Strooss mussen z'iwwernuechten wär net nëmme wéinst der Keelt ee Problem fir Sans-Abrisën, erkläert de Mike. Hien huet zënter eelef Joer kee feste Wunnsëtz méi. Virun allem d'Nuetsliewen de Weekend wär e Problem: "Du gëss vernannt, kriss Béchsen op dech gehäit. Da seet deen een: du hues dir et gesicht, du läis jo do! Wou ass do de Respekt vun de Leit?"

Natierlech hätt hien och scho vill positiv Erfahrunge gemaach, betount de Mike. Mee wat a sengen Aen am meeschte gebraucht géif ginn, wiere Strukture mat méi einfachem Accès, déi och iwwer d’Nuecht op sinn. Sou kéint een och deene Leit, déi an déi aner Nuetsfoyeren net eran däerfen oder keng Plaz méi kréien, eng Schlofplaz bidden. Souwuel Caritas, wéi och d’Croix Rouge hu schonn deementspriechend Gespréicher mat der Stad Lëtzebuerg gefouert. Ee konkrete Projet gouf bis elo awer nach net an d’Weeër geleet.