Radioen

On air

Resonanzen  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei visuell Identitéit

Police

Nei visuell Identitéit

De Lëtzebuerger Design-Studio Quattro huet d'Ausschreiwung fir de sougenannte Rebranding vun der Police gewonnen. Den Optrag gesäit ënner anerem en neie Logo an nei Schrëften op de Police-Gefierer vir.

auto_stories

1 min

(Foto: Bigstock / Joe Dejvice)

Och den Equipement vun de Police-Büroe soll iwwerschafft ginn. Fir de komplette Rebranding, mat derbäi engem neien Internet-Site fir d'Police, ass e Budget vun enger Millioun Euro virgesinn. Weider Detailer iwwert de sougenannte Rebranding vun der Police solle méi spéit presentéiert ginn.

Am Ufank vum Joer hat d'Police d'Ausschreiwung lancéiert. Ronn eng Dosen Dossiere goufen agereecht.

Den Design-Studio Quattro, deen den Zouschlag kritt huet, huet säi Sëtz um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad. De Studio huet 15 Joer Erfahrung. Ënnert de Referenz-Cliente si Marke wéi Alessi, BMW, Ferrero, Nestlé an d'Stad Lëtzebuerg.