Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - 12 Études, livre II, L. 136, XI. Pour les sonorités opposées. Modéré, sans lent - Joseph Moog (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie profitéiert vun der neier Zensur?

Fake News

Wie profitéiert vun der neier Zensur?

De franséische President Emmanuel Macron wëllt Fake News während de Wahlcampagnë gesetzlech ënnerbannen. Viséiert Artikele soll ee kënne läschen an d'Internetsitten, ëm déi et geet, aus de Resultater vu Sichmaschinne verschwannen doen oder blockéieren. Problematesch ass, wéi eng Informatiounen iwwerhaapt a wiem sengem Interessi iwwert dee Wee zensuréiert ginn.

auto_stories

3 min

De Macron war jo selwer vu falschen oder bewosst gefälschten Informatioune betraff: Während der Campagne fir d'Presidentiellen 2017 waren op eemol Rumeuren an de Medien a soziale Netzwierker zirkuléiert iwwert e Bankkont, deen den zukünftege Wahlgewënner op de Bahamas soll gehat hunn.

D'Informatioun, déi net gestëmmt huet, gouf ënnert anerem vun RT (fréier: Russia Today) a Sputnik verbreet a vum Front national, der Partei vun der deemoleger Kandidatin Marine Le Pen, nëmmen allze gär iwwerholl. Dës zwee Medienorganer gi vun der russescher Regierung finanzéiert. Besonnesch NATO-Memberstaaten hu si an d'Viséier geholl, well si russesch Propaganda-Instrumenter wieren.

Déi méi oder manner bewosst Manipulatioun vun der Ëffentlechkeet mat falschen Informatiounen ass esou al wéi d'Medie selwer. Als ee fir Lëtzebuerger Verhältnisser spektakuläert Beispill ass do d'Affär RTL-Lunghi nach a frëscher Erënnerung. Firwat elo de Kampf géint Fake News esou am Trend läit, huet méiglecherweis mat der geopolitescher Rivalitéit tëschent NATO a Russland ze dinn. Och de Lëtzebuerger Premier huet jo d'lescht Joer eng deementspriechend Debatt ugestouss, ouni awer genee ze soen, ob a wéi hie gedenkt, gesetzlech virzegoen.

Google a Facebook verstaatlechen?

Am Mëttelpunkt vun all Kontrolldispositif stinn noutgedrongen Internetkonzerner wéi Facebook a Google, iwwert där hir Kanäl Fake News sech kënne verbreeden oder och net. Am Idealfall missten dës zwou Firme verstaatlecht ginn, seet de renomméierte britesche Journalist Nick Davies, dee viru Joren den Oflauschter-Skandal an der britescher Press opgedeckt hat. Realistesch wier dat awer net. Villméi schéngen dës Internetrisen d'Heft selwer an d'Hand ze huelen. Sënnvoll a wënschenswäert?

An Tëschenzäit gi grouss Medien an den USA oder och an Europa (a Frankräich beispillsweis Le Monde, Libération oder Radio France) vu Facebook bezuelt, fir bestëmmte Fake News z'iwwerpréiwen an ze widderleeën. "Pour faire le ménage", erkläert de Libération-Journalist Cédric Mathiot.

Google dann huet dofir gesuergt, datt verschidde Säiten einfach net méi iwwert seng Sichmaschinn ze fanne sinn. Dat ass de Fall vun RT a Sputnik. Mä och d'Visiteurszuele vun enger ganzer Rëtsch Sitten, déi éischter dem lénken, regierungskritesche Spektrum zouzerechne sinn, wéi Counterpunch, Democracynow oder The Intercept (vum Glenn Greenwald, Auteur vum Snowden-Scoop), sinn zënter dem leschte Joer drastesch agebrach. D'Definitioun vu Fake News schéngt hei ganz large gehandhaabt ze ginn. No wéi enge Critèrë Google seng Zilscheiwen eraussicht, versteet ee besser wann ee weess, datt den Eric Schmidt, Chef vun der Google-Mammegesellschaft Alphabet, Beroder vum amerikaneschen Ausseministère ass ...

"Faire oublier la fake news des puissants"

Fir de franséischen Ekonomist a Kritiker Frédéric Lordon verstoppt déi ganz Diskussioun ëm gefälschten Informatiounen einfach nëmmen d'Credibilitéitskris vun den traditionelle Medien, déi vu grousse Konzerner kontrolléiert ginn. "La chasse à la fake news est la mauvaise conscience renversée de la fake news institutionnelle. (...) la dénonciation de la fake news des gueux a pour objet de faire oublier la fake news des puissants (ou des bons puissants contre les mauvais)", schreift de Lordon op sengem Blog um Sitte vum Monde Diplomatique.

A sengem Buch "Flat Earth News", dat virun zéng Joer publizéiert gouf, hat den Nick Davies, deemools Journalist beim Guardian, d'Resultater vun enger Analys iwwert déi grouss britesch Dageszeitungen zesummegefaasst.

Nëmmen 12 Prozent vun den Artikele waren op eege Recherchë vun de Journaliste baséiert. Bei 8 Prozent konnt een d'Origine vun de Fakten net novollzéien. De ganze Rescht war op Agence-Meldungen a PR-Material aus Politik a Wirtschaft zréckzeféieren. Nëmmen an 12 Prozent vun de Fäll goufen déi Saachen och vun de Journalisten iwwerpréift. Dat hätt virun allem domat ze dinn, datt d'Medienhaiser am Laf vun de Joren aus Spuergrënn hiert Personal drastesch gekierzt hunn.

Dem Nick Davis säi Fazit: "Eng Industrie, där hir Haaptaufgab doranner besteet, Fälschungen erauszefilteren, ass därmoossen ufälleg gi fir Manipulatioun, datt se elo an d'Masseproduktioun vu Falschheet, Verzerrung a Propaganda verwéckelt ass."