Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Néidege finanzielle Sputt fir Kapitalerhéijung"

Lëtzebuerger Zentralbank

"Néidege finanzielle Sputt fir Kapitalerhéijung"

Et gëtt keng Urgenz fir eng Kapitalerhéijung bei der Lëtzebuerger Zentralbank ze maachen, seet de Finanzminister Pierre Gramegna. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth hält deem entgéint, datt duerch den aktuelle Wirtschaftswuesstem den néidege finanzielle Sputt fir eng Kapitalerhéijung do wier.

auto_stories

1 min

Fir eng Kapitalerhéijung bei der Lëtzebuerger Zentralbank ze maache géif et fir de Moment keng Urgenz ginn, äntwert de Finanzminister de béiden CSV-Deputéierten Diane Adehm a Gilles Roth op hir parlamentaresch Fro. Dem Pierre Gramegna no sollen d’Modalitéiten an de richtege Moment fir déi geplangte Kapitalerhéijung no Consultatioune mat der BCL bestëmmt ginn.

Iwwer eng Kapitalerhéijung gëtt schonn zënter Joren diskutéiert.

"Plus-valuen bei der Zentralbank affektéieren"

Dem CSV-Deputéierte Gilles Roth no wier den néidege finanzielle Sputt elo do, fir d’Kapital vun der Lëtzebuerger Zentralbank opzestocken. De Grand-Duché hätt nämlech d'läscht Joer ee Wirtschaftswuesstem vu ronn véier Prozent gehat. Schätzunge no kéint dëse fir 2017 bei 3,7 Prozent oder souguer méi héich leien.

De Moment wier komm "fir een Deel vun deene Plus-valuen u Recetten, déi de Staat sech erwaart, lues a lues z'affektéieren. Fir dat Kapital vun der Zentralbank a Richtung vum ee-Prozent-Brutto-Inlands-Produkt ze beweegen", seet de Gilles Roth.

D’Rating-Agence Fitch hat am Oktober 2016 geschat, datt Kapitalerhéijung bei der Zentralbank de Lëtzebuerger Staat ronn 370 Milliounen Euro kéint kaschten, also e Prozent vum Brutto-Inlands-Produkt. De Moment huet d’BCL e Kapital vun 175 Milliounen.

Déi Lëtzebuerger Zentralbank wëllt fir de Moment näischt zum Thema Kapitalerhéijung soen.